
Kuerz virun 1 Auer an der Nuecht op en Dënschdeg krut den 112 e Brand an der Rue de Luxembourg zu Bartreng gemellt, hei koum et an engem Appartement zu engem Feier. Wéi et am Bulletin vum CGDIS heescht, wier dobäi keng Persoun zu Schued komm. D'Ekippen aus der Stad, vu Bartreng, Mamer, Dippech an Hesper esou wéi de Stater SAMU waren hei am Asaz.
Kuerz no 21 Auer waren zu Iechternach d'Ekippen am Asaz, well e Bam gebrannt huet. E Vegetatiounsbrand hunn d'Ekippe vun Duelem a Fréiseng dann tëscht Fëlschdref an Uespelt misste läschen. En Auto geläscht gouf dann tëscht Biissen a Pëtten kuerz virun 19 Auer. D'Ekippe vu Miersch, Biissen a Colmer waren hei op der Plaz, eng Persoun gouf verwonnt.
Um Boulevard Joseph II an der Stad gouf et dann och Accident mat zwee Gefierer, hei blouf et awer beim Materialeschued. Den Asazzenter aus der Stad war hei erausgeschéckt ginn. Ee Blesséierte gouf et, wéi beim Hareler Poteau e Motocyclist gefall war. D'Ambulanz vu Wolz an d'Pompjeeë vum Lac-de-la-Haute-Sûre waren hei op der Plaz. E weidere Blesséierten dann zu Dippech, wéi en Auto an e Motorrad net laanschtenee koumen. D'Ekipp vu Suessem-Déifferdeng hat déi lokal Kolleegen ënnerstëtzt.