
Den onofhängege Gewerkschaftsbond hat déi jo net matgedroen, well a sengen Aen den Index hei manipuléiert gëtt.
Och am Virfeld vum Dag vun der Aarbecht hat d’Gewerkschaft des Woch schonn eenzel kleng Manifestatiounen zum Beispill virum Wirtschaftsministère an um Donneschdeg de Moien och virum Betrib vum President vun der UEL, Michel Reckinger an der Industriezon zu Suessem: Dee fënnt et onpassend, viru sengem Betrib ze manifestéieren, amplaz virum Siège vun der Unioun vun den Entreprisen.