
Géint 17.38 Auer krut zu Ollem en Auto e Foussgänger ze paken. De Blesséierte gouf vun de Rettungsdéngschter vu Mamer a vu Keel versuergt.
Eng weider Persoun gouf kuerz virun 20 Auer zu Féiz ugestouss an dobäi blesséiert. Op der Plaz waren d’Ambulanz vun Esch an d’Pompjeeë vu Monnerech.
An der Nuecht géint 3 Auer koum et zu Uespelt zu engem weideren Accident. Hei huet sech en Auto iwwerschloen, woubäi eng Persoun blesséiert gouf. D’Ambulanz vu Beetebuerg souwéi d’Pompjeeë vun Uespelt a vu Fréiseng waren am Asaz.