CGDIS1 Persoun zu Uewerfeelen ugestouss a blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Zu Uewerfeelen an der Heischter-Strooss war e Mëttwoch den Owend kuerz no 20 Auer eng Persoun vun engem Auto ugestouss ginn.

Si gouf dobäi blesséiert. Dat mellt de Moien den 112. Op der Plaz waren d'Rettungsdéngschter vu Feelen an Ettelbréck.

Ee Blesséierte gouf et och an engem Accident e Mëttwoch den Owend kuerz no 17.30 Auer zu Fëschbech an der Rue Grande-Duchesse Charlotte.

Back to Top
CIM LOGO