"Stand Speak Rise Up"1. Projete goufen um Weekend vum Verwaltungsrot diskutéiert

Tim Morizet
Ugangs 2019 war et déi feierlech Ouverture vum „Stand Speak Rise Up“ mat enger Konferenz, déi de Fokus op d'sexuell Gewalt géintiwwer Fraen leet.
Stand Speak Rise Up
1. Projete goufen um Weekend vum Verwaltungsrot diskutéiert.

Dat op Plazen, wou déi politesch Situatioun eng ganz sensibel ass.

Dëse Weekend war et déi éischt Sëtzung vum Verwaltungsrot. Ënner der Opsiicht vun der Grand-Duchesse Maria Teresa goufen déi éischt Projeten diskutéiert.

Op Invitatioun vun der Grand-Duchesse goufen déi lescht 2 Deeg am Detail nei Pläng diskutéiert, fir d'Associatioun „Stand Speak Rise Up“ weider no vir ze bréngen an dat mat direkter Aarbecht um Terrain.

"Eis Association ass amgaangen ze plangen, ze promoten a gewëssen Initiativen ze subventionéieren. Wei zum Beispill dem Hughes Dewavrin säi Projet e Kino an d'Spidol zu Panzi ze bauen. Den Dr. Mukwege hat no dësem Projet gefrot an mir hunn gehollef, d'Connectiounen ze maachen an déi néideg Fongen ze fannen, fir et ëmzesetzen.“

Et wär déi selwerernannte Roll vun der Grand-Duchesse, déi néideg Reseauen zesummenzebréngen. Dacks géifen d'Kontakter feelen, fir aus engem gudde Wëllen eng grouss Saach ze maachen. Esou hätt de Forum am Mäerz, mat der Participatioun vu Fraen, déi vu gravem Violle betraff waren, schonn éischt Wuerzele geschloen.

"Verschidde Fraen hunn op eisem Forum esou gutt verstanen, datt se sech decidéiert hunn, zesummen u Projeten ze schaffen. Hei gesi mer Fraen aus der Ukrain a Kosovo, déi fir déi éischte Kéier zesummeschaffen. Elo kämpfe se zesumme fir e gudden Zweck. Et ass beweegend ze gesinn, datt Fraen, déi esou vill Horror erlieft hunn, elo zesummen kënnen Hoffnung schafen.“

Beim Thema: Terrainsaarbecht ass den Dr. Denis Mukwege en Expert. Zanter 2 Joerzéngte schafft de Kongolees a sengem Spidol mat Iwwerliewende vun Abus sexuel. 200 Fraen den Dag ginn am Spidol zu Panzi traitéiert. Fir seng Aarbecht huet hien och d'lescht Joer de Friddensnobelpräis erhalen.

De Soutien fir e Kino a sengem Spidol anzeriichten, wier wichteg fir seng Patienten.

"Déi sozial Relatioun goufe komplett zerstéiert. Dofir ass et ëmsou méi wichteg e Mechanismus ze schafen, an deem Leit sech wuel genuch fillen, fir nees zesummenzeschwätzen a sech ze sozialiséieren. Ech gleewen drun, datt a Kino, wann de Programm gutt erausgesicht ass, eis d'Chance gëtt, nees esou ee soziaalt Environnement ze schafen.“

Eng Vergewaltegung kann och als Konsequenz eng Schwangerschaft hunn. Den Encadrement vun dëse Kanner wier ganz wichteg. Déi Jonk wieren dacks eng tickent Zäitbomm an net akzeptéiert an der Societéit.

Back to Top
CIM LOGO