CGDIS1 Schwéierblesséierten no Accident tëscht Groussbus an Eschduerf

RTL Lëtzebuerg
Géint 23.30 Auer ass op der N12 tëscht Groussbus an Eschduerf en Automobilist mat sengem Gefier an e Bam gerannt.

No enger laanggezunner Lénkskéier koum en Auto deen aus Richtung Hierheck koum, vun der Strooss of an huet e Bam gesträift, wouropshin enger Frontalkollisioun mat engem weider Bam koum. Den Auto huet duerno riskéiert e Rampli erofzerutschen.

De Won huet fir d’éischt musse geséchert ginn, éier de Mann aus sengem Gefier konnt gerett ginn. Dee war deen Ament vu sech. Wéi et zum Accident konnt kommen, muss nach ermëttelt ginn.

D’Ambulanzen Nordstad a Réiden, de SAMU an d’Rettungsekippe vu Groussbus, Préizerdaul, Rammerech a Biissen waren op der Plaz.

Um 19 Auere Samschdeg den Owend war schonn en Auto tëscht Groussbus an Gréiwels accidentéiert. Hei gouf eng Persoun blesséiert. Wéi d’Police matdeelt, hat de Chauffer ze vill gedronk. De Fürerschäin gouf agezunn.

Um 21.30 Auer war tëscht Steeën an Schieren en Auto an de Gruef geroden. Hei mellt den 112 kee Verwonnten.

D’selwecht e Sonndeg géint 3.25 Auer an der Avenue John F. Kennedy an der Stad: en Accident ouni Blesséierter.

Dann hat et zweemol gebrannt: um 17.25 Auer hat um Glacis eng elektresch Trottinette gebrannt. An um 00.20 Auer waren d’Pompjeeën an der rue Antoine Meyer an der Stad mat Damp an enger Kichen beschäftegt. Persoune koumen net zu Schued.

Back to Top
CIM LOGO