Coronavirus zu Lëtzebuerg1 weider Persoun gestuerwen, vu 613 Tester waren der 52 positiv

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 639 läit.
© RTL

Aktuell sinn 98 Persounen hospitaliséiert, dovunner 21 op der Intensivstatioun.

Den Ament ginn et 2.822 aktiv Infektiounen an 52.019 Persoune gëllen als geheelt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,95. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: Rapport Journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO