Historesch Militärgefierer, Uniformen an en US-CampTop Hat zu Pärel: D'Geschicht vum Zweete Weltkrich um Liewen halen

Fabienne Zwally
Zu Pärel bei Rammerech gëtt dëse Weekend beim Top Hat 2026 un d'Liberatioun vu Lëtzebuerg an der Belsch an un d'Evenementer aus de Krichsjoren erënnert.
Top Hat zu Pärel: D'Geschicht vum Zweete Weltkrich um Liewen halen
Zu Pärel bei Rammerech gëtt dëse Weekend beim Top Hat 2026 un d'Liberatioun vu Lëtzebuerg an der Belsch an un d'Evenementer aus de Krichsjoren erënnert.

Pärel huet dobäi selwer eng besonnesch Verbindung zu dëser Zäit. Am Juli 1944 sinn an der Géigend zwee amerikanesch B-17-Bomber erofgefall. Am Dezember vum selwechte Joer huet d'Ardennenoffensiv och Lëtzebuerg erfaasst. Amerikanesch Truppe vun der 3. US-Arméi ënnert dem Generol George S. Patton waren deemools an der Regioun ënnerwee.

Beim Top Hat soll dës Geschicht fir d'Visiteuren nees méi gräifbar ginn. Zu Pärel gëtt dofir dëse Weekend en amerikanesche Militärlager aus der Zäit vum Zweete Weltkrich nogestallt. Organiséiert gëtt d'Evenement vun der belscher MVCG Indian Head Associatioun, déi all Joer Mëtt August op enger anerer Plaz an den Ardennen zesummekënnt.

Ze gesi sinn ënner anerem historesch Uniformen a Militärgefierer, déi haut nëmme nach seele baussent esou Treffen op de Stroossen ze gesi sinn. Vill vun de Participante sammele schonn zanter Joren al Gefierer an Ausrüstungsstécker a restauréieren dës.

Um Programm stinn och historesch Konvoien duerch d'Regioun. Dobäi gi Strecken ofgefuer, déi d‘amerikanesch Truppen och benotzt hunn. E Sonndeg de Moie steet och d'Erënnerung un déi amerikanesch Fligerbesatzungen am Mëttelpunkt. Beim 385th Bomb Group Memorial gëtt eng Gedenkzeremonie organiséiert.

De komplette Programm mat den Auerzäite vun de Konvoien, Demonstratiounen, der Gedenkzeremonie an dem Owesprogramm fannt Dir hei

Back to Top
CIM LOGO