
Wéinst Klauen an onerlaabtem Zougank zu engem Datesystem stoung e Mann vu 54 Joer an der Stad virun de Riichter. Et gouf him virgehäit, tëscht Oktober 2017 a Januar 2018 als Comptabel vun enger Firma an där hiren Datesystem eragaangen ze sinn, fir sech eppes méi wéi 10.500 Euro op den eegene Kont z'iwwerweisen.
De Beschëllegte sot, hien hätt verstanen, dass hien déi Suen zegutt hätt. Dat huet de President vum Geriicht him awer net ofgeholl.
„Dir hätt besser, Dir géift soen, wéi et richteg war! Dir iwwerweist Iech Sue mat Referenzen: Wann Der sou Viremente maacht, dann hutt Der d'Intentioun, dass keen eppes gesäit!“, huet de Riichter gemengt. Wat an d'Richtung vun der Ausso vun der Patronne vun der Firma geet, déi sot, d'Infraktiounen duerch pueren Zoufall entdeckt ze hunn. Wéi sech e Client gemellt huet, fir ze soen, hien hätt nëmmen d'Hallschent vun enger Ristourne kritt, wär opgefall, dass Suen op de Privatcompte vum Ugeklote gaange wären. De Mann, deem si immens getraut hätt an deen a senger Funktioun vollen Zougank zu de Konten hat, hätt déi Zommen net zegutt gehat. De Me Foetz, Affekot vun der Firma, huet betount, dass de Mann en Deel zréckbezuelt hätt, ma nach ronn 9.400 Euro ausstéingen. Donieft géif ee wéinst der Perte vun engem Client an der Atteinte à la réputation vun der Firma am Ganzen 11.000 Euro Schuedenersatz verlaangen.
De Beschëllegten huet betount, hien hätt méi an der Pai gewollt an et ebe sou verstanen, dass hien déi Suen zegutt hätt, wouropshin de President vum Geriicht erkläert huet: „Dir wollt eppes verstoen, wat ni gesot gouf!“
Och dem Vertrieder vum Parquet no war just duerch pueren Zoufall opgefall, dass Geldbeweegunge gebucht goufen, déi net geschëlt waren. Doropshi wär et zu enger Plainte komm an de Mann opgeflunn, deen argumentéiert hätt, hien hätt déi Sue wéinst enger Paierhéijung zegutt. D'Klauen an den onerlaabten Zougank zu engem Datesystem wären zréckzebehalen, woufir eng Prisongsstrof vun 12 Méint mat Sursis probatoire sollt gesprach ginn. D'Oplo géif am Zréckbezuele vum Schued bestoen, woubäi festzehale wär, bis wéini dat geschéie misst. Doriwwer eraus sollt et nach zu enger Geldstrof vun 10.000 Euro kommen.
D'Urteel ass fir den 13. Februar.