Invité vun der Redaktioun (14. August)Tom Turping, neie President vun der MarCom

Annick Goerens
En Donneschdeg de Moien ass de Marketing- a Kommunikatiounssecteur Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Een ëmmer méi digitale Marché an eng kënschtlech Intelligenz, déi d'Kommunikatiounsbranche grondleeënd verännert: Wou steet de Secteur haut? Mat wéi enge Problemer hunn d’Agencen ze kämpfen? A wat kënnt nach op si duer?

Den neie President vun der MarkCom, der Federatioun vun de Marketing- a Kommunikatiounsagencen zu Lëtzebuerg, ass e Freideg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. Mam Tom Turping schwätze mer kuerz no 8 Auer iwwer den Impakt vu KI an d'Fro, ob sech eng Karriär an der Branche nach lount.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO