An der Stad10 Blesséierter bei Accident tëscht engem Bus an engem Auto

RTL Lëtzebuerg
An der Stad sinn e Mëttwoch de Moien ee Bus an een Auto net laanschtenee komm. Et koum zu engem schwéieren Accident.
© RTL / Domingos Oliveira

De Bus ass beim Accident géint 8.20 Auer um Eck vun der Route Côte d’Eich an der Rue Willy Goergen an d’Fassade vun engem Gebai gerannt. 10 Leit sinn dobäi blesséiert ginn. De Buschauffer an aacht Passagéier, genee ewéi de Chauffeur vum Auto, goufe fir eng Kontroll an d’Spidol bruecht. Ee Samu an véier Ambulanze waren op der Plaz.

Eng Spuer war zäitweis an deem Beräich deen Ament blockéiert, et ass schlecht laanscht gaangen an et huet och gestaut.

Back to Top
CIM LOGO