Partie Kaarte war ausgeaart10 Joer Prisong mat Sursis probatoire wéinst versichtem Doudschlag

RTL Lëtzebuerg
Den Donneschdeg de Moie gouf um Dikrecher Geriicht e Mann veruerteelt, dee wéinst versichtem Doudschlag de Prozess gemaach kritt hat.
© AFP

Am Mee 2018 war eng Partie Kaart an engem Café zu Bettenduerf ausgeaart. An der Suite dovu war de Mann e Messer a säin Auto sichen an hat en aneren an d'lénks Säit gepickt.

Als Oplo krut de Mann, säin Affer z'entschiedegen: dat krut Schuedenersatz an Héicht vun 1.500 Euro zougesprach. Woubäi eng Expertise säi geneeë Schued soll festleeën.

Back to Top
CIM LOGO