Mat Schosswaff ageschüchtert10 Persounen ëmkreesen, menacéieren a beklauen 2 Jugendlecher zu Esch

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, koum et e Samschdeg géint 16 Auer zu engem Iwwerfall op zwee Jugendlecher um Terrain vun der Uni.
© Laurent Weber / RTL Archivbild

D’Affer goufen an der Passage de l’Academie vun 10 Persounen ëmkreest a forcéiert, hir Wäertsaachen erauszeginn souwéi de Sécherheetscode vun hiren Handyen opzehiewen. Éischten Ermëttlungen no goufe si wärend dem Iwwerfall mat enger Schosswaff ageschüchtert.

D’Täter hu sech dono a Richtung Hotel IBIS ewechgemaach, wou si an zwee Autoe geklomme sinn. Vun do aus si si a Richtung Porte de France gefuer. Wéi d’Police nach schreift, goufen Ermëttlunge lancéiert.

Abréch zu Kanech, Nidderaanwen, Leideleng an Diddeleng

Nieft den Abréch, mellt d’Police nach, datt zu Fenteng eng Garagëpaart opgebrach an do dunn de Portmonni mat Bankkaarten, Carte d’identité, etc aus dem Auto geklaut gouf. Zu Neiduerf-Weimeschkierch ass iwwerdeems op e puer Plazen a Kelleren agebrach ginn.

Back to Top
CIM LOGO