Bei Kontroll op der N7100 Gramm Cannabis séchergestallt

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg de Moie gouf der Police e verdächtegt Gefier op der N7 gemellt. D'Police konnt dëst schliisslech op engem Feldwee bei Lëpschent kontrolléieren.

Well de Chauffer siichtlech desorientéiert war, haten d’Beamten hien opgefuerdert, d’Gefier ze verloossen. Dësen hat sech allerdéngs därmoossen hefteg géint dës Opfuerderung gewiert, dass hien immobiliséiert an aus Sécherheetsgrënn op de Policebüro bruecht gouf.

Wéi d’Beamten d’Gefier duerchsicht haten, konnte si ronn 100 Gramm Cannabis sécherstellen. De Chauffer gouf protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO