100 Punkten, do misst fir all Gemeng eppes dobäi sinn. Déi 100 Punkten, déi d’ADR presentéiert huet, sinn e Kader-Programm fir d’Gemengewalen. D’lokal Sektioune kënne sech do elo dat erauspicken, wat am beschte bei hir Gemenge passt.
D’Haapttheme sinn d’Lutte géint Kriminalitéit, familljefrëndlech Gemengen an e Wuesstem an enger Vitess, déi d’Gemengen net iwwerfuerdert. Ee weideren zentrale Punkt, deen de Parteipresident Fred Keup besonnesch ervirsträicht, ass d’politesch Matbestëmmung vun de Bierger. Bei allen wichtegen Decisiounen oder Projete sollen d’Awunner gefrot ginn, esou de Fred Keup.
D’ADR huet Lëschten an 11 Proporzgemengen. 7 am Süden, 3 am Norden an eng am Zentrum. Alles an allem stinn 167 Kandidaten op deene Lëschten: 56 Fraen an 111 Männer. D’Verhältnis tëscht deenen zwee Geschlechter wier net wichteg, esou de Partei Präsident. Wat wichteg wier, ass, datt et gutt Kandidate sinn, seet de Fred Keup.