Coronavirus zu Lëtzebuerg104 nei Infektioune bei 17.964 Tester

RTL Lëtzebuerg
E Freideg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, bei 112 bliwwen ass.

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vun 104 positiv geteste Patienten. Dovu si 84 Persoune Residenten an 20 Non-Residenten. Zanter dem Ufank vun der Kris goufen am Grand-Duché 6.056 confirméiert Fäll gemellt. Den Duerchschnëttsalter vun de Persounen, déi positiv getest goufen, läit bei 43 Joer.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 387.437 Tester gemaach. Vun den 17.964 Tester, déi den 24 . Juli duerchgefouert goufen, waren der 104 positiv.

D'Altersmoyenne vun den 112 Doudesaffer läit bei 84 Joer, d'Altersmediane bei 85 Joer. 56 Prozent si Männer, 44 Prozent Fraen. 66 Prozent vun den Doudesaffer sinn an der Klinick gestuerwen.

Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et nach 1.298 aktiv Infektioune ginn a 4.647 Persoune gëllen als geheelt.

Aktuell si 51 (-6) Patienten hospitaliséiert (dorënner och Verdachtsfäll, dat heescht Persounen, déi nach op hiert Resultat vum Test waarden), 3 (+2) Patiente sinn aktuell op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 1.012 (+4) Mënschen d'Spidol nees verloossen.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,01 an domadder liicht ënnert dem Taux vu gëschter. Wann den Taux ënnert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus kritt, am Duerchschnëtt manner wéi eng aner Persoun infizéiert.

Back to Top
CIM LOGO