Parlamentaresch Fro115 Dose Remdesivir fir Lëtzebuerger Covid-Patienten

RTL Lëtzebuerg
An der Behandlung vum Covid-19 spillt och ëmmer nees d'Medikament Remdesivir eng Roll.
© AFP

Woubäi d'Meenunge vun den Dokteren a Fuerscher iwwert d'Effikassitéit auserneeginn. Net méi spéit wéi viru 5 Deeg huet d'Europäesch Medikamentenagence EMA e favorabelen Avis ginn, fir de Produit weider um Marché ze loossen. Och Lëtzebuerg huet iwwert eng europäesch Prozedur beim amerikanesche Pharma-Produzent Gilead 115 Dose Remdesivir bestallt, wou eng Dosis 345 Euro kascht, wat global Käschte vu 40.000 Euro ausmécht.

Nodeem eng Confidentialitéits-Klausel am Kontrakt mat Gilead opgehuewe gouf, konnt d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert dës Zuelen op Basis vun enger dréngender parlamentarescher Fro vum ADR-Deputéierte Jeff Engelen nennen, dee sech ënnert anerem op den Artikel vu Reporter.lu referéiert hat.

Bis ewell wieren 79 Dose vu Remdesivir op Lëtzebuerg geliwwert ginn, seet d'Paulette Lenert weider - ouni Detailer ze ginn, wou a wéi dat Medikament an den Asaz kënnt.

Ervirzehiewe wier och, datt Enn November d'OMS eng konditionnel Recommandatioun géint d'Benotze vu Remdesivir erausginn huet.

Esou eng Recommandatioun "ënner Konditiounen" bedeit, datt d'Experte vun der OMS mengen, datt déi erwënscht Effeten, der Recommandatioun nozekommen, warscheinlech méi grouss sinn, wéi déi net-desirabel Effekter. Mee och heiriwwer wiere sech d'Experten net eens.

Back to Top
CIM LOGO