Aussoe vu Ministesch sinn eng Frechheet, sou Cobolux-Direkter

D'Aussoe vun der Ministesch Dieschbourg sinn eng Frechheet, dat sot den Direkter vun der Cobolux Paul Faltz am RTL-Interview.
Op eng parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser, ob och Lëtzebuerger Fleesch vum Label ''Naturschutzfleesch'' am Schluechthaus zu Baaschtnech verschafft gi wär, haten déi zoustänneg Ministeren mat Jo geäntwert.
D'Déieren wären iwwerdeems net zu Lëtzebuerg geschluecht ginn, well dat trotz Negociatioune mat den zwee eenzegen Lëtzebuerger Schluechthaiser, der Cobolux zu Wecker an dem Abattoir Ettelbréck, net realiséierbar gewiescht wär.
D'Zesummenaarbecht wär ënnert anerem wéinst Qualitéits-Kapazitéits- an Liwwerproblemer bei den zwee Abattoiren net méiglech gewiescht. Den Paul Faltz ass entsat. Déi 2 Schluechthaiser hei am Land géifen ënnert permanenter Staatskontroll stoen. Et hätt een 3 Veterinairen, déi ëmmer am Haus sinn. Déi Labelen, déi ee sech géing ënnerleeën, géifen och dat ganzt Joer iwwer kontrolléiert. Déi géifen bis zu 1.500 Béischte d'Joer duerstellen. Déi 2 Haiser géifen awer all Joer 27.000 Béischte schluechten.
Och Liwwerproblemer hätt ee keng, seet de Paul Faltz. D'Cobolux an Ettelbréck hätten jeeweils 50 gekillte Camionen. Et wier deemno eng Frechheet, d'Lëtzebuerger Betriber op dës Manéier duerzestellen a mam Schluechthaus zu Baaschtnech ze vergläichen, dat hei bewosst gefuddelt hätt, esou den Direkter vun der Cobolux.
Dat besotent ''Naturschutzfleesch'' wär op alle Fall fir d'Schluechthaiser net rentabel, well déi d'Béischte fir e ganz deiere Präis ofkafe missten. De Marché fir déi Produite wär zu Lëtzebuerg awer nach net grouss genuch, erkläert de Paul Faltz.
Liest hei déi besoten Äntwert vum 15. Mäerz vun der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg, zesumme mam Landwirtschaftsminister Fernand Etgen an der Gesondheetsministesch Lydia Mutsch op d’parlamentaresch Fro vum Fernand Kartheiser:
5. Wat fir konkret Grënn hu géint d'Wiel vun engem Lëtzebuerger Schluechthaus geschwat?
An der Opbauphase vum Label Naturschutzfleesch gouf des ôfteren an noweislech matt geeegente Lëtzebuerger Schluechthaiser verhandelt. Matt kengem lëtzebuerger Schluechthaus konnt eng Léisung fonnt ginn, d'Naturschutzfleesch komplett ze verschaffen. Et gouf just d'Verschaffen vun den Edelstécker ugebueden. An der Ufangszait (2013/2014) gouf d'Fleesch a Lëtzebuerg geschluecht an och verschafft. Opgrond vu Qualitéits-, Kapazitéits- an Liwwerproblemer gouf dunn ab Maerz 2015 d'Schluechteri an d'Verschaffen op Baaschtnech verluecht.
PDF: D'Äntwert vun der Ministesch op d'Fro vum Fernand Kartheiser