Ronn 48 Milliarden € solle belsch Staatsbierger a Firmaen u Capital propre am Grand-Duché gebunkert hunn, ënnert anerem a sougenannte Bréifkëschtefirmaen.

D'Belsch an hir Suen zu Lëtzebuerg ... déi belsch Dageszeitung "Le Soir" an d'Wirtschafts-Dageszeitung "De Tijd" hunn déi lescht Méint investigativ recherchéiert: Si titelen en Dënschdeg de Moien, datt d'Belsch 48 Milliarden Euro a Bréifboîte-Firmaen zu Lëtzebuerg placéiert hunn. Vun den 100 räichste belsche Famillen hätten op d'mannst 60% eng Gesellschaft zu Lëtzebuerg, an 2 vun 3 Fäll eng einfach Bréifboîte-Firma, eng Holding – ouni reell Aktivitéit, ouni Personal oder Büro.

Méintelaang hunn déi belsch Journaliste recherchéiert an dobäi annerhallef Milliounen Dokumenter aus dem Lëtzebuerger Handelsregëster analyséiert.

Den Handeslregëster kann ee fräi iwwert den Internet consultéieren. 78.000 Resultater kruten d'Journalisten wéi se "Belgique" aginn hunn. Illegal ass d'Aktioun net, d'Resultater awer och net. Vun de 100 räichste belsche Famillen hunn also 60% op d'mannst eng Gesellschaft hei am Land, an 2 vun 3 Fäll ass et eng Holding. Bei de 50 räichste Famille sinn et souguer 80%, déi esou eng Societéit hunn.

Lëtzebuerg wär och dacks net d'Enn vun der Rees, mä eng Transitzon, e Sprangbriet Direktioun Finanzparadäis wéi de Panama oder déi englesch Virgin Islands.

De Soir rappelléiert, datt de Grand-Duché jo net méi op der Lëscht vun de 9 Steierparadäiser ass, déi hirer Meenung no äusserst moer wär. Oxfam wär do manner tolerant. Zejoert am November gouf et eng Lëscht vun der ONG mat 35 Steierparadäiser, dorënner déi 4 EU-Länner Irland, Holland, Malta an eben och Lëtzebuerg.

D'Zeitung viséiert an hirem Artikel awer och de fréiere belsche Premier Yves Leterme. Dee sëtzt nämlech am Verwaltungsrot vun enger lëtzebuergesch-belscher Bréifboîte-Firma. De Leterme war awer net nëmmen zweemol belsche Premier, mä bis 2014 och Vize-Generalsekretär vun der OECD ... där OECD, déi sech géint Steierflucht asetzt. Den Yves Leterme gesäit a sengem Handelen awer näischt Béises.

Et geet also am Soir ëm Steieroptimiséierung, vun där an dësem Fall déi Belsch profitéieren. Datt et illegal wär, gëtt net behaapt. Viséiert sinn dës Kéier net d'Rulinge wéi an der Luxleaks-Affär. Do gouf jo zanterdeem och reagéiert. Dës Kéier sinn et déi sougenannt "Soparfien" - Société de participation financière. Dat ass eng Holding mat Parten an anere Gesellschaften. Tëscht 50.000 a 60.000 ginn et där hei am Land.

De groussen Avantage ass, datt d'Dividenden an d'Plus-Valueën op den Aktie kënnen einfach zu 100% ofgesat ginn. An enger zweeter Phas kann ee seng Beneficer rapatriéieren ouni Steiere mussen ze bezuelen. Sou erkläert et an der Zeitung e belsche Professer an Affekot, deen och um Lëtzebuerger Barreau ageschriwwen ass.

Et wier also en aktuelle Geschäftsmodell.

De Soir huet den Affekot och gefrot, wéi da Lëtzebuerg vun deem Ganze profitéiert. Affekoten, Steierexperten a Fiduciairë géife mat där Legislatioun vill Sue verdéngen, also d'Lëtzebuerger Ekonomie. D'Holdinge géifen och enger Minimal-Steier vu 4.815 Euro ënnerleeën. Dat wär eenzel gekuckt net terribel vill, mä wann een dat mat 50.000 Gesellschafte géif multiplizéieren, wär dat e Montant fir de Lëtzebuerger Staat, deen een net dierft negligéieren.

Bis e Samschdeg wëll de Soir all Dag weider Detailer iwwer d'LuxFiles publizéieren.

Op en Neits entsteet also nees Opreegung duerch Revelatiounen, déi auslännesch Press am Kontext vu Lëtzebuerger Steiermodeller mécht. No Fäll wéi Luxleaks, Panama Papers an diverse Steier-CDe fält alt nees e ganzt extrat Liicht op eis Finanzplaz.

Fir den LSAP-Deputéierte Franz Fayot sinn esou Modeller vu Steieroptimiséierung en Auslafmodell ... Den Artikel géif awer weisen, datt Bréifboîtten nach ëmmer kee Geschäftsmodell vun der Vergaangenheet sinn, ma si wiere keen Zukunftsmodell. An dat wär och gutt, well dat do wier elo nees en Imageschued fir eist Land.

AUDIO: De Franz Fayot iwwert d'LuxFiles

Wellecht Ausmooss dat Ganzt huet, sinn nëmme belsch Residentë betraff oder och aner Nationalitéiten an eventuell souguer och Lëtzebuerger Residenten? Froen, déi eis en Dënschdeg kee wollt beäntweren, de Finanzminister huet all Stellungnam zum Sujet refuséiert ...