Am Kader vun der Dog-Expo um Kierchbierg huet d'Police e Samschdeg 2 Hënn aus engem Auto gerett. D'Fënstere waren zou an si haten och näischt ze drénken.

Am Kader vun der Dog Expo an der Luxexpo mellt d'Police, datt et et Déiereschützer a Responsabele vum Evenement e Samschdeg opgefall war, datt an engem Auto zwee Muppen iwwert e längeren Zäitraum agespaart waren. D'Fënstere wieren all zou gewiescht an d'Hënn hate kee Waasser.

Dobäi koum, datt den Auto an der praller Sonn stoung. Nodeems direkt e puer mol en Opruff gemaach gouf, fir de Besëtzer vum Gefier ze fannen, gouf decidéiert, d'Fënster anzeschloen. Déi 2 Hënn, déi an engem schlechten Zoustand waren, goufe virleefeg am Déierenasyl ënnerbruecht.

Ma och e Sonndeg koum et zu ähnlechen Tëschefäll.

Net nëmmen, datt Déieren ze laang a Gefierer gelooss goufen, ma et waren och deels Camionnetten, déi net de Reegelen, fir Hënn ze transportéieren, entsprach hunn an d'Impfunge vun den Hënn waren net an der Rei.

Nieft Douane a Sécherheetsleit waren och Déiereschützer dëse Weekend um Parking vun der Luxexpo am Asaz, fir ze kontrolléieren.

Tëschefäll dëse Weekend si fir si op alle Fall en Zeechen dofir, datt déi aktuell Kontrollen net duer ginn.

Et géif kee gutt Liicht op d'Expo an d'Exposante geheien, sou Déiereschützer, déi awer net all an een Dëppe wëlle geheien an dowéinst och weiderhin hir gratis Hëllef ubidden, fir ze kontrolléieren.

Hei dat d'Schreiwes vum Landwirtschaftsministère:

Communiqué par: ministère de l’Agriculture, de la Viticulture et de la Protection des consommateurs

 

Suite aux incidents qui ont eu lieu à la Dogexpo en 2017, le ministère de l’Agriculture, de la Viticulture et de la Protection des consommateurs a accordé à la Fédération cynologique luxembourgeoise l’autorisation d’organiser la Dogexpo en avril 2018 sous condition que des mesures supplémentaires soient prises.

L’équipe des vétérinaires-praticiens, contrôlant les chiens à l’entrée quant à leur état de santé et la validité des passeports, a été renforcée.

En outre, il a été demandé qu’un contrôle des véhicules sur le parking soit réalisé en vue de vérifier le respect du bien-être animal. Une firme privée de gardiennage ainsi que les agents de l’Administration des douanes et accises se sont partagé ce travail.

La collaboration entre ces différents organes de contrôle a permis de détecter plusieurs non-conformités qui ont résulté au refus pour certains chiens de participer à l’exposition, à la saisie de 2 chiens ainsi qu’à l’élaboration d’un procès-verbal transmis au parquet pour non-respect du bien-être animal.

Malgré tous les efforts de l’organisateur, il arrive que certains exposants ne se conforment aux règles requises. C’est pourquoi les contrôles et les rappels à l’ordre se poursuivront lors des prochaines éditions de la Dogexpo.