Staatsrot äntwert an argumentéiert schrëftlech op Bréif vun déi Gréng

RTL-Informatiounen no haten d'Juriste vum Staatsrot sech e Mëttwoch gesinn, fir sech iwwer d'Reprochë vun déi Gréng ze beroden.
Dat natierlech am Kader vun der Nominatioun an de Staatsrot vum Martine Lamesch.
E Freideg de Moien huet de Büro vum Staatsrot eng Äntwert un d'duebel Spëtzt vun déi Gréng Françoise Folmer a Christian Kmiotek geschéckt. Dëse Bréif läit RTL vir.
D'Äntwert ass kuerz an a juristeschen Terme gehalen, komplett fräi vu polemeschen Téin. Als Annex hänkt en Extrait mat den Deliberatiounen aus der Sëtzung vum Dënschdeg, 8. Mee um Bréif. (Just de Punkt 31, deen d'Nominatioun betrëfft.)
PDF: D'Schreiwes vum Staatsrot un déi Gréng.
De Staatsrot geet a senger Äntwert net konkret op d'Reprochë vun deene Gréngen an. Et gëtt awer betount, dass d'Kandidatin a vollem Respekt vun de legalen Dispositiounen op de fräie Posten nominéiert gi wär. Weider heescht et, déi Gréng hätten sech an hirem Bréif d'Optioun opgehalen, a Recours ze goe virum Verwaltungsgeriicht. Persoune vun der Partei hätten ëffentlech vun deem Schratt geschwat. Dofir kéint de Staatsrot d'Consideratioune vun deene Gréngen elo net kommentéieren.
RTL-Informatiounen no kann nëmmen eng Privatpersoun an net eng Partei a Recours géint eng Nominatioun vum Staatsrot goen. Dat wären an dësem Fall d'Joëlle Christen an eng drëtt Kandidatin, där hiren Numm net ëffentlech ass.
Bis ewell gouf nach kee Recours virum Verwaltungsgeriicht entaméiert.
Vun deene Gréngen heescht et iwwerdeems, et géif een sech Zäit huelen, fir sech iwwer weider Schrëtt ze beroden.
Op Nofro huet och de President vum Staatsrot Jean Wivenes gesot, hie kéint a wéilt RTL géintiwwer net méi wéi dat soen, wat am Bréif steet.

Vu "Kommando-Aktioun" iwwer "kee Komplott" bis zu "décke Problem"
Am Staatsrot sollt en Dënschdeg duerch e Vott d'Affekotin Joëlle Christen d'Sam Tanson ersetzen, déi jo fir de Claude Adam op d'Bänke vun "Déi Gréng" an d'Chamber nogeréckelt war. Mat engem klore Vott vu 14 géint 5 Stëmmen hu sech d'Membere vum Staatsrot awer fir d'Kandidatur vum Martine Lamesch decidéiert an domat géint d'Kandidatin vun deene Gréngen, wat u sech e kloren Desaveu fir dës Partei bedeit, déi bis ewell mam Mike Mathias zanter 2014 mat engem Member am Staatsrot vertrueden ass.
Pressecommuniqué zur Besetzung vum vakante Posten am Staatsrot (Déi Gréng)
Op Nofro hin huet eis d'Affekotin a fréier Riichterin um Verwaltungsgeriicht Martine Lamesch confirméiert, datt si eréischt um Méindeg als onofhängeg Kandidatin hir Demande un de Staatsrot adresséiert huet. Dës gouf also um Dënschdeg ugeholl - dës Propositioun vum Staatsrot geet elo un de Grand-Duc, deen d'lescht Instanz ass, fir ze tranchéieren.
Martine Lamesch: "Kee Komplott"
Déi an de Staatsrot gewielt Kandidatin Martine Lamesch sot am RTL-Interview, dass si weder vun engem Member vum Staatsrot nach vun engem Politiker dozou encouragéiert gouf, hir Kandidatur fir de fräie Posten am Staatsrot ze stellen. Et wier hir perséinlech Decisioun gewiescht, do wiere keng politesch Manöveren a kee Komplott hannendru gewiescht.
De Moment vun hirer Kandidatur am leschte Moment erkläert si esou, dass si quasi keng Chance géint déi aner Kandidatin Joëlle Christen gesinn hätt, eréischt am leschte Moment hätt si sech da selwer, beim Liese vum Gesetztext vum Géigendeel iwwerzeegt.
Tëscheruff vum Roy Grotz (II): Affär Staatsrot: D’Demokratie an der Kris?
Tëscheruff vum Roy Grotz (I): Ufank vum Enn? Staatsrot gëtt der grénger Kandidatin de Kuerf …
Bettel: Keng fix proportionell Quoten am Gesetz, Staatsrot huet decidéiert
De Staatsminister Xavier Bettel ënnersträicht, dass de Staatsrot en onofhängege Gremium ass an eng Decisioun geholl huet. Déi hätt een zur Kenntnis geholl an och z'acceptéieren. Dass et elo heescht, d'Gesetz wier gebrach ginn, wollt de Premier net stoeloossen. Et entsprécht effektiv net dem Geescht vun dem Text, fir net eng gewësse politesch Representativitéit anzehalen. Et sinn awer keng fix proportionell Quoten dran.
Et wier elo jo och ee Recours ageluecht ginn vun deene Gréngen. Wéi gesot, wier et net un him ze tranchéieren, ob d'Gesetz respektéiert gouf oder net. De Staatsrot wier eng onofhängeg Institutioun, déi hir Decisioun geholl an déi hätt een ze respektéieren.
Vun enger parteipolitescher Kommando-Aktioun haten déi Gréng geschwat. Fir hei direkt Parteipolitik ze gesinn, wier déi falsch Pist, äntwert de Minister.
RTL-Informatiounen no soll déi gréng Kandidatin Joëlle Christen, där hire Profil jo net op de Posten am Staatsrot soll gepasst hunn, virun der Wal schrëftlech drëm gebiede gi sinn, dëse Profil ze präziséieren, hir Äntwert hätt allerdéngs net iwwerzeegt. De Vott am Staatsrot huet dunn eng kloer Sprooch geschwat.
Op Twitter huet de grénge Minister François Bausch preziséiert, datt déi Gréng net un der Ausschaffung vum Profil fir de Posten am Staatsrot bedeelegt waren.
Wéi reagéieren CSV an LSAP?
Wéi kloer ass d'Reform vum Staatsrot an dat relativ rezent Gesetz, dat beseet, dass d'Membere vum Staatsrot ongeféier esou solle verdeelt si wéi d'Parteien an der Chamber? Dës Fro stellt sech, nodeems déi vun de Grénge virgeschloe Kandidatin en Dënschdeg am Vott fir de fräie Posten an der héijer Kierperschaft duerchgefall ass, a fir eng Kandidatin gestëmmt gouf, déi eréischt den Dag virun der Wal hir Kandidatur eragereecht huet ...
E Gesetz, dat Spillraum fir Interpretatioun léisst, kloer Quote fir vu Parteie virgeschloe Kandidate gëtt et net. D'Reform vum Staatsrot war esou, wéi se elo ass, net am Sënn vun der CSV, seet de Fraktiounspresident Claude Wiseler, et sollt ee sech iwwerleeën, den Text nach eng Kéier ze iwwerschaffen: "Mir hunn e Gesetz vum Conseil d'État virun engem Joer gestëmmt, géint de Wëllen d'ailleurs vun der CSV, wou dra steet, datt op där enger Säit de Conseil d'État Nominatioune kéint maachen au vote secret an op där anerer Säit dann direkt hannendru gesot gëtt, datt en zwar e Vote secret ka maachen, mä datt en awer virum Vote secret gesot kritt, wat deen Eenzelnen dann ze stëmmen huet."
Parteipolitesch war de Vott fir d'Kandidatin Martine Lamesch aus Siicht vun der CSV net: "Ech weess do net, wie wat gestëmmt huet, 't ass e Vote secret an de Conseil d'État huet seng Decisioun do geholl."
Vill Opreegung, déi um Enn zum Schued vun der ganzer Koalitioun wäert sinn, esou de Claude Wiseler: "Egal wéi ech d'Rechnung maachen, et ass hei ganz kloer, datt d'Majoritéit e Problem huet. Si soll sech mat de Konsequenze vun deem Problem beschäftegen, net d'Responsabilitéit bei aner Leit siche goen. Hei huet d'Majoritéit e richtege Problem."

Scho wéi d'Gesetz iwwert de Staatsrot ausgeschafft ginn ass, hätt et eng Rei Diskussioune ginn, seet den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry: "Et stelle sech immens vill Froen, mir hunn ofgewien a schlussendlech si mer da bei deene méi indikative Critèrë bliwwen, déi elo a Konflikt gerode si bei deem heite Fall. D'Membere vum Staatsrot hunn hir Decisioun geholl, 't wär vläicht net meng gewiescht, ma si hu se geholl an dat musse mer dann zur Kenntnis huelen."
Seng Partei wier op alle Fall net un eventuellen Ofsprooche bedeelegt gewiescht, eng Fro stellt sech dem Alex Bodry awer: "Wat mech e bëssen hei interpelléiert, ass den Zäitpunkt vun der zweeter Kandidatur, déi ganz spéit komm ass, 't muss praktesch de leschten Dag gewiescht sinn, wou se nach méiglech war, do kéint ee vläicht mengen, datt do eppes geflüstert ginn ass."
Martine Lamesch: Honnertprozenteg kee politesche Manöver
Déi gewielte Kandidatin Martine Lamesch selwer erkläert de Moment vun hirer Kandidatur esou: "Ech wousst, e Méindeg war dee leschten Dag an e Sonndeg hunn ech mer geduecht, kuck d'Gesetz nach eng Kéier [...] ech war decouragéiert, well ech geduecht hunn, dat do ass jo schonn eine gegessene Sache, dat ass schonn decidéiert, an du hunn ech mer awer d'Gesetz nach eng Kéier ugekuckt an du hunn ech gesot, nee an sech net, well et ass um Conseil d'État, déi Propositioun ze maachen an ze stëmmen an et ass net wéi an anere Fäll, wou de Gouvernement d'Leit bestëmmt oder d'Chambre des députés. An an deem Sënn hunn ech mer gesot, dann hues de vläicht awer eng Chance, fir geholl ze ginn, vu datt ech de Profil honnertprozenteg erfëllen."
Eng parteipolitesch Kommando-Aktioun vermutt déi gréng Partei hannert dem Vott, ma d'Martine Lamesch verséchert: "Ech kann Iech mat guddem Gewësse soen, ech si vu kengem approchéiert ginn, weder vun engem Member vum Conseil d'État, nach vun iergendengem Politiker an ech hu mat kengem driwwer geschwat, et war wierklech eng perséinlech Decisioun, déi ech selwer geholl hunn, ouni iergendeen anere Soutien ... dofir sinn ech och e bëssen erstaunt, 't ass hei vu politesche Manövere geschwat ginn oder souguer vu Komplott, dat ass honnertprozenteg net de Fall, guer net."
An hirer juristescher Carrière hätt d'Martine Lamesch vill Gesetzlacunne mat onkloren Texter gesinn, duerch hir nei Funktioun am Staatsrot kéint si elo aktiv dozou bäidroen, d'Texter méi kloer ze maachen.
Bausch: Recours soll Kloerheet bréngen a fir méi Transparenz suergen
De Staatsrot huet den Terrain verlooss vun der politescher Neutralitéit. Dat hätt e besser net gemaach. Dat seet de grénge Minister François Bausch am Kontext vum iwwerraschende Vott en Dënschdeg am Conseil d'Etat.
Déi Gréng géifen et net dobäi beloossen. Et géif ee sech all Recours-Méiglechkeete virhalen. Et géif hei net ëm déi Gréng goen, mä ëm d'Institutioun Staatsrot, sou de François Bausch. An et wär schued an et géif ee schockéieren, datt de Staatsrot net politesch neutral agéiert hätt. Déi héich Kierperschaft hätt sech selwer geschuet. De Staatsrot misst méi transparent funktionéieren. Déi Gréng maachen och e Bréif un de President vum Staatsrot.
Et mécht dem grénge Minister och gréisser Suergen, datt d'Kandidatin, déi elo zréckbehale gouf a géint déi hie perséinlech näischt huet, hir sougenannt "Ëmweltkompetenz" krut, well se een Uerteel gewonnen huet géint d'Ëmwelt a géint d'Natur.
D'Kandidatin, déi déi Gréng proposéiert hunn, wär extrem kompetent gewiescht, speziell a soziale Froen an net Member vun deene Gréngen.
Op d'Stëmmung an der 3er-Koalitioun ugeschwat, sot de Françcois Bausch, déi Gréng géife sech net aus der Rou brénge loossen duerch "Störmanöveren" vun eenzele Leit. Déi gréng Ministeren an Deputéiert géife bis de 14. Oktober am Déngscht vum Land sou vill Reforme wéi méiglech ëmsetzen.
Antëscht hunn déi Gréng och hiren oppene Bréif un de President vun der héijer Kierperschaft public gemaach. Doranner freet d'Partei Erklärungen an datt d'Decisioun vu n en Dënschdeg réckgängeg gemaach gëtt, fir dat d'Gesetz agehale gëtt. Déi Gréng fille sech nom Choix vun en Dënschdeg par Rapport zu den anere Parteien kloer ënner-representéiert an der héijer Kierperschaft. D'Nominatioun vun der Madame Lamesch, déi sech als onofhängeg Kandidatin presentéiert huet, wier wuel éischter vun anere Membere vum Staatsrot motivéiert ginn, déi net an der grénger Partei sinn. D'Fro géif sech stellen, ob de Staatsrot net iwwert seng Kompetenzen erausgaangen ass, andeems en eng reng qualitativ Appreciatioun gemaach hätt, ouni awer d'Kandidaten virdrun convoquéiert ze hunn.
PDF: Oppene Bréif vun déi Gréng un de President vum Staatsrot.
"Staatsrat: intransparent und undemokratisch"
Dat ass den Titel vun engem Matdeelung vun déi lénk um Mëttwoch:
Die nicht zurückbehaltene Kandidatur der von déi gréng vorgeschlagenen Juristin Joëlle Christen macht deutlich: die Ernennungsprozedur für den Staatsrat ist auch nach der letzten Gesetzesänderung alles andere als transparent und die Frage nach der Repräsentativität der beratenden Kammer stellt sich mehr denn je. déi Lénk wiederholen ihre Forderung nach einer tiefgreifenden Reform des Staatsrats.
Am gestrigen Dienstag stimmte der Staatsrat mit 14 gegen 5 Stimmen für die "unabhängige" Kandidatin Martine Lamesch und erteilte déi gréng eine herbe Abfuhr, die eigentlich die Familienrechtlerin Joëlle Christen für den freien Posten im Staatsrat vorgeschlagen hatten. déi gréng werden hier mit ihren eigenen Widerprüchen konfrontiert: Sie haben die undemokratische Funktionsweise des Staatsrats unterstützt, um sich selbst zwei Sitze zu sichern, und fallen dieser nun selbst zum Opfer.
Die Nominierung der Juristin Martine Lamesch macht auf jeden Fall deutlich: Ernennungsprozedur und Funktionsweise des Staatsrats sind weiterhin untransparent und seine Zusammensetzung ist nicht repräsentativ.
déi Lénk wiederholen deshalb ihre Forderung nach einer grundlegenden Reform des Staatsrats. Dieser soll zu einem beratenden Gremium des Parlaments werden und seine Mitglieder sollen einzig und allein vom Parlament nominiert werden. Um die gesellschaftliche Repräsentationsfunktion des beratenden Organs zu stärken, sollen seine MitgliederInnen nicht nur vom Parlament sondern auch von zivilgesellschaftlechen Institutionen und Organisationen vorgeschlagen werden.
Eine derartige Zusammensetzung des Staatsrats könnte den schädlichen Einfluss mächtiger Partikularinteressen und deren VertreterInnen auf den Gesetzgebungsprozess in Zukunft zumindest abschwächen.
Gibéryen: De Staatsrot muss reagéieren a Gambia ass um Enn
Den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen war och iwwerrascht wéi en d'Nominatioun vun der Affekotin Martine Lamesch als neie Member vum Staatsrot héieren huet, dat sot hien um Mëttwoch de Moie bei Radio Lëtzebuerg op der Antenn. Wéi et dozou komm ass, kéint hien awer wéinst dem geheime Vott an der héijer Kierperschaft net novollzéien. Dat neit Gesetz, de virgeschriwwene Parteiproporz wier net onbedéngt eendeiteg z'interpretéieren:
Op der anerer Säit stellen ech mer d'Fro, wann e Gesetz esou eppes virschreift, an et gëtt e geheime Vott gemaach an et kënnt en anert Resultat ... wéi argumentéiert een e geheime Vott?
Et wier eng konfus Situatioun an de Gast Gibéryen waart drop, dass de Staatsrot seng Erklärung dozou soll ofginn. De Staatsrot krit hei virgeworf, e géif d'Gesetz net anhalen, an den ADR-Deputéierte ka sech net virstellen, dass de Staatsrot dat op sech sëtze léisst.
D'anti-gréng Koalitioun, déi de Co-President vun de Grénge Christian Kmiotek hannert dem Manöver gesäit, gëtt et an deem Sënn fir de Gast Gibéryen net. Nawell wier Gambia um Enn.
Invité vun der Redaktioun: De Gast Gibéryen huet op RTL reagéiert.
Reaktioun vun deene Gréngen: "Mir si schockéiert"
"Mir si schockéiert", schreiwen déi Gréng en Dënschdeg den Owend an engem Communiqué, an dat well sech d'Majoritéit vun de Memberen am Staatsrot - e Gremium, dat jo fir d'Iwwerpréiwung vu Gesetzprojeten zoustänneg ass - net un hiert eegent Gesetz géing halen. Am Artikel 7 vum Gesetz iwwer de Staatsrot géing et nämlech ganz kloer heeschen, dass bei Decisiounen de Parteie-Proporz ze respektéiere wär, sou schreiwen et déi Gréng. Dat wär e seriöen demokratesche Problem.
Pressecommuniqué zur Besetzung vum vakante Posten am Staatsrot:
"Mir si schockéiert, datt eng Majoritéit vum Staatsrot, engem Gremium dat grad fir d'Iwwerpréifung vun der juristescher Konformitéit vu Gesetzprojeten zoustänneg ass, Haut decidéiert huet, sech selwer net un hiert Gesetz ze halen. Am Artikel 7 vum Gesetz iwwert de Staatsrot heescht et ganz kloer, datt bei der Decisioun de Partei-Proporz ze respektéiere ass.
Dat neit Gesetz vun 2017 iwwert de Staatsrot hat als Zweck fir déi joerzéngtelaang ontransparent Praxis vum Postegeschachers am Staatsrot endlech duerch kloer Critèren ze ersetzen. Wann dëst Gesetz elo esou vum Staatsrot ausgeluecht gëtt, dann entsprecht dat weder dem Buschtaw nach dem Geescht vum Gesetz an dann hu mer e seriöen demokratesche Problem." erkläert de Christian Kmiotek, Co-President vun déi gréng.
„déi vun déi gréng proposéiert Kandidatin, Mme Joëlle Christen, ass eng exzellent Juristin déi op dee gesichtene Profil passt an e Refus op Basis vun hirer Qualifikatioun ass dofir net justifizéiert. De Staatsrot huet haut net nëmmen seng parteipolitesch Neutralitéit op d'Spill gesat, mee och d'demokratesch Legitimitéit vun der Chamber net respektéiert", erkläert d'Françoise Folmer, Co-Presidentin vun déi gréng.