Gewerkschaften OGBL an LCGB wäerten net méi um CPTE deelhuelen
Mir wëlle keng "Politique de la chaise vide" maachen, mee mir gi virgefouert an dofir kënne mer net dohi goen.
D’OGBL-Presidentin Nora Back huet en Donneschdeg clarifiéiert, datt d’Union des syndicats net an den Comité permanent du Travail et de l’Emploi geet, fir iwwert d’Aarbechtszäitorganisatioun ze negociéieren. De Gewerkschaften hir Zouso wärend de Sozialronne fir zréck an de CPTE ze goen, wier Deel vun engem ganzen Accord gewiescht. Mä zu deem wier et jo net komm, erklären d’Gewerkschaften.
D'Nora Back vum OGBL: "Mir musse leider de Constat maachen, dass dës Regierung esou op d'mannst fir hir Mandatsperiod à ce stade begruewen huet. Mir gesinn net, wéi et ënner dëser Regierung nach kéint zu enger klassescher Tripartite kommen, mir gesinn net, wéi et nach zu sozial Verhandlunge ka kommen, well et goufe keng Verhandlungen. Mir stelle fest, dass d'Regierung Frieden et fäerdeg bruecht huet, nodeems 50 Joer de Sozialmodell esou gutt fonctionéiert huet, wéi e fonctionéiert huet an och reell matenee verhandelt ginn ass. Si huet elo a kuerzer Zäit no zwee Joer fäerdeg bruecht, d'Tripartite freckt ze maache fir hir Mandatsperiod."
Och de Patrick Dury (LCGB) huet kloer wieder fonnt: "Fir all Mënsch hei am Land muss et kloer sinn, de Premierminister huet sech géint weider Verhandlungen an en duerchaus méiglechen Accord decidéiert. De Premierminister huet sech also fir e virzäitegt Enn vun de Verhandlungen ouni Accord decidéiert, ënner anerem och, well hie sech vis -à -vis vun de Patronen net duerchgesat kritt huet. Eist Land riskéiert elo an déi gréissten Instabilitéit zanter dem Enn vum leschte Krich ze kommen."




An engem Bréif un de Premier Luc Frieden erkläert d’Union des syndicats, datt de Comité permanent du Travail et de l’Emploi keng Daseinsberechtegung méi huet, fir zesummenzekommen. Dat, well d’Regierung duerch déi rezent Sozialronnen de Fonctionnement vum Tripartite-Modell verännert huet. Si froen an hirem Bréif, datt den Aarbechtsminister d’Sozialpartner separat gesäit, fir d’Echangen iwwert d’Aarbechtszäitorganisatioun. An de Sozialronne war festgehale ginn, datt des Negociatiounen am CPTE solle virugoen.
D’Gewerkschaftsunioun reprochéiert dem Premier, datt hien an de Sozialronnen kee Kompromëss gesicht hätt, mee d’Diskussioune fréizäiteg ofgebrach hätt, obschonns se konstruktiv gewiescht wieren an et Rapprochementer tëscht Patronat an Gewerkschafte ginn hätt. Domat hätt hien den Tripartite-Modell begruewen.
Den LCGB-President Patrick Dury sot en Donneschdeg de Moien, de Risiko wier elo, datt et zu vill méi Gewerkschaftsaktioune géing kommen, wéi bis elo. Ma e konkreten Datum fir Aktioune géif et elo net.