D'Vertrauen an d'Regierungsparteie wiisst
Besonnesch déi Gréng an d'LSAP leeën an der Vertrauensfro zou, awer och déi Lénk an d'DP. D'ADR stoppt hiren Negativtrend an d'CSV verléiert liicht.
D'Vertrauen an d'Regierung wiisst a läit elo mat 54 Prozent bal nees um nämmlechten Niveau wéi am Abrëll 2014, also 5 Méint nodeems déi nei Regierungskoalitioun d'Rudder am Land iwwerholl huet.

Dat geet aus dem neie Politmonitor vun TNS-Ilres ervir, deen am Optrag vu RTL an dem Lëtzebuerger Wort gemaach gouf. Besonnesch déi Gréng mat 6 an d'LSAP mat 5 Prozentpunkten hunn massiv an der Vertrauensfro zougeluecht.

D'ADR huet hiren Negativ-Trend an de Sondagen iwwerdeems gestoppt. D'Vertrauen an d'Alternativ Demokratesch Reformpartei ass mat 6 Punkte par Rapport zum leschte Sondage am Dezember 2017 souguer ferm gewuess. Déi Lénk leeën och ëm 3 Punkte bäi. Just d'CSV huet als gréissten Oppositiounspartei, mat 60 Prozent zwar nach ëmmer den héchste Score a punkto Vertraue bei de gefrote Bierger, mä ass awer déi eenzeg Partei, déi net weider zouleet a souguer 2 Punkte verléiert. D'Fro nom Vertrauen ass awer keen Indice derfir, ob d'Wieler effektiv enger Partei och hir Stëmm am Oktober ginn.

Nei Fro am Politmonitor: Koalitiounsaussoen erwënscht!
Zu Lëtzebuerg ginn et statistesch gesinn, gewëss Gewunnechte bei de Walen. Ëmmer méi Leit panachéieren zum Beispill a vill wiele léiwer Käpp wéi Lëschten a Parteien. Donieft maachen d'Parteien traditionell och keng Koalitiounsaussoen. Dofir kruten d'Leit an dësem Sondage dann och eng nei Fro gestallt, nämlech ob si sech Koalitiounsaussoe vun de Parteie wënschen. Zwee Drëttel vun de sondéierte Leit sinn dofir a souguer 40 Prozent vun de Leit queesch duerch all Stammwieler-Schichte wënsche sech absolut Koalitiounsaussoe vun de Parteien.

Wéi eng Partei soll dann an déi nächst Regierung?
Fir 61 Prozent vun de Leit misst d'CSV der nächster Regierung ugehéieren. Bei där Fro no Wonsch-Regierung kommen déi Gréng op 58, d'LSAP op 53 Prozent an d'DP bëssen ofgeschloen op 46 Prozent. 1 Persoun op 5 wënscht sech och, dass entweder d'ADR um rietsen oder déi Lénk um lénkse Bord an der nächster Regierung derbäi sinn. Woubäi bei der ADR 60 Prozent a bei déi Lénk 55 Prozent vun de Leit awer uginn, si wéilten "guer net" oder "op guer kee Fall", dass dës Parteien Deel vun der nächster Regierung ginn.

Methodologie vun der Enquête
De Sondage gouf mat engem Echantillon vun 1.040 Leit duerchgefouert, vum 16. bis de 24. Mee, also an enger Zäit, an där vill Parteikongresser waren, wou d'Parteien also schonn éischt Messagen erausginn hunn, wou d'Staatsrot-Affär war, wou den État de la Nation war, wou och vill Associatioune wéi d'UEL, de Mouvement Ecologique etc sech positionéiert hunn. An natierlech wär d'Enquête gefouert ginn, nodeems de grénge Staatssekretär am Ëmweltministère Camille Gira gestuerwen ass, erkläert den Tommy Klein vun TNS-Ilres.

Weider Informatiounen iwwer de Politmonitor vum Caroline Mart am Journal vun der Télé vum Méindeg den Owend.