Radikal Methoden, mee fir de gudden Zweck. Esou gesäit et ee Grupp vun Aktivisten, dee véier aflossräich Patronen a Politiker kidnappt a sequestréiert.

Am Ëmweltthriller "Justice_dot_net" forcéieren Aktivisten mächteg Patronen a Politiker, sech viru lafender Kamera fir déi ökologesch a sozial Konsequenze vun hirem Handelen ze veräntweren. Et geet ëm Selbstjustiz a Spektakel, fir d'Wourecht ze erzwéngen. Bei der Filmpremière hunn eis Lëtzebuerger Politiker an Ëmweltschützer hir Andréck iwwert esou Methode ginn.

Radikal Methoden, mee fir de gudden Zweck. Esou gesäit et e Grupp vun Aktivisten, dee véier aflossräich Patronen a Politiker kidnappt a sequestréiert. Si wëllen, datt déi "Beschëllegt" fir hir Doten a dramatesch Ëmweltkonsequenze grued stinn. Dobäi gräifen déi selbsternannte Justicieren op psychologeschen Terror a physesch Foltermethoden zeréck. A jidderee soll nokucken a jugéieren, wéi déi véier Léit sech erklären. Dofir gëtt alles opgeholl a live um Internet iwwerdroen.

Den neie Film vum Pol Cruchten huet et a sech. Bei der Avant-Première vum Film um Kierchbierg hat jiddereen eng Fro am Kapp. Kann ee soen: "La fin justifie les moyens?"

"Ech mengen esou wäit, wéi si am Film gaange sinn, kann een net goen", seet de Realisateur Pol Cruchten. "Dat wier soss strofbar. An dat ass et och am Film."

Den Trailer vum Film
Den neie Film vum Pol Cruchten huet et a sech. Bei der Avant-Première vum Film um Kierchbierg hat jiddereen eng Fro am Kapp. "La fin justifie les moyens?"

"Mir brauchen een Ëmdenken"

Den Direkter vun der Ëmweltorganisatioun Greenpeace, Raymond Aendekerk, déi bekannt ass fir hir muskléiert Aktiounen, distanzéiert sech och vun esou Methoden. "Et ass net um Menü vu Greenpeace, fir Léit ze kidnappen. Do kënne mir jidderee berouegen, mee mir brauchen en Ëmdenken an den Ëmweltfroen. Dofir brauch een esou e Film a Campagnen, fir drun erënneren: "Léif Leit, et muss anescht a méi séier goen am Sënn vun der Ëmwelt."

D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg betount hirersäits, datt méi politesche Courage muss sinn. D‘Bierger solle wëssen, datt d'Ëmwelt eescht geholl gëtt. "Duerch d'Aart a Weis wéi gewirtschaft gëtt, ginn et vill negativ Impakter op eis Ëmwelt an op eist Klima. Mir hu Plastik, dee massiv am Mier lant. Am Film vum Pol Cruchten gëtt dann op eng Method zeréckgegraff, déi ze radikal ass, mee ech verstinn d'Frustratioun vu Leit, wa si sech jorelaang fir eppes asetzen an et geet net weider."

D'Carole Dieschbourg nennt den Asaz géint d'Atomkraaft. Nach ëmmer géifen Atomreaktere gebaut ginn a mat ëffentleche Gelder massiv ënnerstëtzt ginn. Esou zum Beispill Hinkley Point a Groussbritannien.

An dann zum Stéchwuert Wirtschaftspolitik, fir méi Récksiicht op Mënsch an Natur: Op der Table Ronde nom Film goung et och ëm rezent Divergenzen an der Regierung iwwert d'Steewollfabrik, déi jo elo net op Lëtzebuerg kënnt.

"Ech mengen, datt et och eng Saach vun Image de marque ass, wa mir soen, datt mir déi bescht Liewensqualitéit wëllen, déi bescht Entreprisen, déi propper produzéieren an zukunftsfäeg sinn. Mir wëllen eben net duerno erëm Strofe bezuele mussen a Loftqualitéit kënne mir jo net akafe goen!", betount nach emol d'Ministesch Carole Dieschbourg. Eng Rei offen ausgedroe Meenungsverschiddenheeten hat et jo mam Wirtschaftsminister Etienne Schneider ginn.

VIDEO: 3 Froen un de Pol Cruchten
De Pol Cruchten ass de Realisateur vum Film "Justice_dot_net".

Eis eege Verantwortung

De Film "Justice_dot_net" hannerfreet iwwert Ëmweltfroen eraus eisen Ëmgang mat Biller um Internet. "Et ass och e Film iwwert de Regard vu jidderengem vun eis. Mir kucke Biller vu Kricher op der Tëlee a maachen, wéi wa mir betraff wieren, mee u sech si mir just de Voyeur", seet de Realisateur Pol Cruchten.

Wéi et am Film vum Pol Cruchten ausgeet, kann ee vum 13. Juni u gesinn. Déi lëtzebuergesch-kanadesch-iresch Co-Produktioun vun "Justice_dot_net" leeft dann hei an de Kinossäll un.