
30 Chaufferen hunn e Protokoll musse bezuelen, well se iwwer 90 km/h gefuer sinn. Dat heescht 145 Euro Strof + 2 Punkten. A fënnef weidere Fäll gouf de Fürerschäin direkt op der Plaz agezunn.
Ee Chauffer gouf protokolléiert, well e beim Spuerwiessel de Winker net ugemaach hat, en anerem, well en den Handy am Grapp hat.
An zwee Fäll konnt de Chauffer keng valabel Steiervignette virweisen, zwee Mol waren d’Kanner net richteg ugestréckt an an engem Fall hat de Chauffer keng valabel Assurance bei sech.
12 Poliziste ware bei der Kontroll am Asaz.
Op der RN12 tëscht Bidscht a Wolz gouf et ee Blesséierten. En Auto war do op d’Kopp geroden.