Réck- an Ausbléck Petitiounen12 bis 15 Debaten am Joer: "D'Petitioun ass de Bols vun der Natioun"

RTL Lëtzebuerg
12 bis 15 Mol d'Joer kënnt et an der Chamber zu ëffentlechen Debaten am Kader vu Petitiounen, wann dës de Seuil vu 4.500 Ënnerschrëften iwwerschratt hunn.
12 bis 15 Debaten am Joer
“D’Petitioun ass de Bols vun der Natioun”

Réck- an Ausbléck Petitiounen / Reportage Diana Hoffmann

Déi populäerst Petitioun bis elo war mat 18.000 Ënnerschrëften, déi zum Verfassungsreferendum, seet d’Nancy Kemp-Arendt, Presidentin vun der Petitiounskommissioun. Hei misst een awer umierken, dass dës vill Reklamm krut, well d’CSV annoncéiert hat, engem Referendum just zoustëmmen, wann op d’mannst 25.000 Stëmmen zesumme kéimen. Vill Succès hat awer och mat 14.000 Ënnerschrëften eng Petitioun, déi e besseren Encadrement vum Télétravail gefuerdert huet. Generell wieren et awer zanter dem Ufank vun der Pandemie d’Gesondheetssujete gewiescht, déi d’Bierger am meeschte beschäftegen, sou d’Presidentin vun der Kommissioun. Elo géing een awer mierken, dass et e Wiessel géing ginn, hin zu de Sujeten, déi déi privat Finanze vun de Leit an de Logement concernéieren. D’Petitioun wier de Bols vun der Natioun.

Déi eng oder aner Petitioun hätt esouguer schonn en Effet gehat, ier se an der Chamber debattéiert gi wier. Dacks géingen nämlech d’Bierger déi Deputéiert mat hire Fuerderung op Problemer opmierksam maachen. Sou wier dat zum Beispill bei där iwwert d’Kapazitéiten an der Onkologie bei de Kanner de Fall gewiescht. Duerch dës wieren déi Deputéiert drop opmierksam ginn, dass géinge Better fir den Isolement an och Doktere feelen. Elo géing ee sech dofir där Saach unhuelen.

Schwéier Debate wieren dann deels déi wärend der Covid-Pandemie gewiescht. Besonnesch do, wou d’Majoritéit an der Chamber net der selwechter Meenung war wéi de Petitionär. Wann déi Deputéiert Covid-Restriktiounen agefouert hunn, a Petitiounen dës nees a Fro gestallt hunn. Ma et misst een och de Leit nolauschteren, déi enger anerer Meenung sinn, seet d’Nancy Kemp-Arendt dozou.

Debaten iwwer Petitiounen, déi dann dëst Joer nach an der Chamber ustinn, handelen iwwer den Télétravail, eng Verlängerung vun der Gëltegkeetsdauer vum Contrôle Technique an ëm en egalitären Accès zu der Mammographie an dem IRM.

Nodeems d’Debaten an der Chamber gefouert goufen, gëtt gewéinlech an enger Reunioun vun den zoustännege Kommissioune gekuckt, wéi d’Gesetzestexter kënnen ugepasst ginn, fir dem Problem Rechnung ze droen.

Back to Top
CIM LOGO