Invité vun der Redaktioun (18. August)Mireille Welter, Buergermeeschtesch vun Esch-Sauer

Marc Hoscheid
En Dënschdeg de Moie sinn d'Gemeng Esch-Sauer an de Stauséi Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Knascht, Kaméidi a Grillen trotz Bëschbrandgefor: d'Gemenge ronderëm de Stauséi goufen dëse Summer deels vun Touristen iwwerrannt, wat eng Partie negativ Konsequenze mat sech bruecht huet. Och Esch-Sauer war betraff. Als Invité vun der Redaktioun froe mer d'Buergermeeschtesch Mireille Welter, wéi eng Léiere fir d'Zukunft een aus de leschte Wochen zitt? Aner Sujete sinn de geplangten Hotel zu Lëlz an d'Iddi fir ee Beliewe vun der Uertschaft Esch-Sauer baussent der Touristesaison.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO