Um Moie vum zweeten Dag vun der Aarbechtsvisitt vum Xavier Bettel a Südkorea stoung ënnert anerem de Besuch vum Seouler Startup-Hub um Programm.

An dat louch dem Premier, dee sech - trotz enger ganzer Hickecht, déi e permanent am Réck hat - an deem modernen Aarbechtsëmfeld gefillt huet wéi e Fësch am Waasser.

RTL

De Premier virop an déi ganz lëtzebuergesch Delegatioun hëlt d'Trap, theoretesch hätte se och d'Rutsch vir am Bild huele kënnen ... fir nach méi "startuppesch" ze sinn. / © lm

No e puer Erklärunge virun engem faarweger Kaart vum ganzen "Startup-Ecosystem" zu Seoul ass d'Delegatioun aus dem Grand-Duché lassgehirscht duerch d'Gebai mat senge Co-Working-Spacen, senger Hub-Bibliothéik, sengem Dutch&Bean-Café, senger Rutschbunn, senge Mini-Büroen a senge connectéierten Insele fir ze raschten, chillen, dreemen, innovéieren.

Smarte Smalltalk mat Start-uppen

D'Visite guidée, dat war dem Xavier Bettel Senges, dee mat senger oppener Aart méi wéi ee Start-upper iwwerrascht huet, andeems hien en einfach an e Gespréich verwéckelt huet.

RTL

© SIP / Emmanuel Claude

Mat enger Koppel, déi Eco-Tuten entwéckelt, huet de Premier spontan op enger Trap geschnësst. A wéi déi verroden huet, datt se ewell an e puer Länner an Europa waren, war de Premier reaktiounsséier: "So you missed Luxembourg!" Déi nächste Kéier misste si dann awer onbedéngt och op Lëtzebuerg kommen.

Dee selwechte Message krut e Grupp vu Jonken, déi eng "application platform for travellers" developpéieren. Déi wollten nom kuerzen Echange mam Premier och nach séier Selfië mat him maachen.

Keng Foto mam Xavier Bettel zesummen hunn d'Leit vu babeltop.net gemaach, dat hat awer näischt mam Premier ze dinn, ma dee war esou onverhofft am Raum vum jonke Iwwersetzerbetrib opgedaucht, datt d'Personal no der Visitt gefrot huet, wien dann do iwwerhaapt bei si an de Büro geschneit wier. Babeltop, wou och e Fransous engagéiert ass, iwwersetzt net selwer, ma sicht am Fong déi richteg Spezialisten, fir spezifesch Texter aus dem Koreaneschen an eng 20 aner Sproochen ze iwwersetzen

Et huet ee gespuert, datt de Premier am "Startup Hub Seoul" a sengem Element war. D'Gespréich mat deene jonken Entrepreneren, den Austausch mat Nowuesstalenter huet hie wéi natierlech gesicht.

RTL

© lm

Och mat engem franséische Grupp, dee sech déi südkoreanesch Start-uppen ukucke koum, ass de Xavier Bettel direkt an d'Gespréich komm ... an huet deem eng Visitt zu Lëtzebuerg un d'Häerz geluecht: "On compte sur vous!"

Ënnerschrëfte fir den Austausch

Am Fintech-Beräich vum "Hafen" fir nei Geschäftsiddien an nei Entreprisen goufen duerno nach zwee Memorandumen of Understanding ënnerschriwwen.

Deen éischten tëscht der Lëtzebuerger Chambre de commerce an der südkoreanescher Chambre de commerce et d'industrie. De President vun der Lëtzebuerger Chambre de commerce, Michel Wurth, gesäit doran d'Chance, lëtzebuergesch a südkoreanesch Entreprisen zesummenzebréngen. An där enger wieren 30.000, an där anerer 180.000 Entreprisë vertrueden.

RTL

De Michel Wurth / © lm

An en enken Echange wier wichteg, well Südkorea zu den dräi gréissten Ekonomien an Asien gehéiere géif a grad dobäi wier, an der Industrie nei Weeër ze goen - Stéchwuert Automatisatioun a Roboterisatioun. A well dat och Themaen zu Lëtzebuerg wieren, wier et gutt, do derbäi ze sinn, esou de Michel Wurth.

RTL

© SIP / Emmanuel Claude

An d'Tënt ënner deem éischten Accord war nach net dréchen, du gouf den Dekor gewiesselt fir deen zweeten. Déi eng Pancarte gouf ofmontéiert, drënner war ewell déi fir deen zweeten "Memorandum of Understanding" z'annoncéieren.

RTL

Den Nicolas Mackel / © lm

Dee gouf tëscht dem Luxembourg House of Finance an dem Fintech Lab zu Seoul ënnerschriwwen. Dobäi geet et dem CEO vum House of Finance, Nicolas Mackel, no virun allem drëm, déi südkoreanesch Innovatiounen och op Lëtzebuerg ze bréngen, also hir nei Finanz-Technologie och zu Lëtzebuerg unzebidden. Datt d'Offer am Grand-Duché méiglechst komplett an doduerch attraktiv ass, un de Banken an deenen anere Finanzakteure wier et dann ze kucken, wat se vun där Offer bräichten.

AUDIO: Den Nicolas Mackel
RTL

An anere Wierder: E Méindeg de Moie gouf sech zu Seoul inspiréiert ... an et gouf fir de Grand-Duché getrommelt.

VIDEO: Aarbechtsvisitt vum Xavier Bettel a Südkorea
Eng Visitt, fir politesch Relatiounen ze verdéiwen an ekonomesch Partenariater auszebauen, déi awer fir déi lëtzebuergesch Gäscht ongewinnt ugefaangen huet.
VIDEO: Lëtzebuerg an de Koreakrich an 90 Sekonnen erkläert
De Premier Xavier Bettel ass fir 3 Deeg op Aarbechtsvisitt a Südkorea.