Traureg Confirmatioun: D'Kand huet net iwwerlieft

© RTL / Danielle Goergen
E Méindeg koum d'Nouvelle, dass et e Freideg 27. Juli en tragesche Virfall an der Maacher Schwämm gouf. E Bouf vu 6 Joer ass do erdronk.
En dramatesche Virfall gouf et e Freideg am Nomëtteg an der oppener Schwämm zu Maacher: Géint 17 Auer ass do engem Visiteur e Jong opgefall, deen am Waasser um Buedem louch. De Virfall war RTL-Informatiounen no am Baseng mat der Rutsch.

© Domingos Oliveira / RTL Télé Lëtzebuerg

© Domingos Oliveira / RTL Télé Lëtzebuerg
De Schwammmeeschter ass erbäigeruff ginn, deen direkt probéiert huet, de Jong ze reaniméieren.

© Domingos Oliveira
Mam Helikopter ass de Samusdokter op d'Plaz komm, deen dunn nom Këndche gekuckt huet. Et koum an engem kriteschen Zoustand d'Kannerklinik.
Wéi de Parquet en Dënschdeg kuerz viru Mëtteg confirméiert, huet d'Kand vu 6 Joer den trageschen Accident net iwwerlieft.
Éischten Erkenntnisser no wier eng Friemawierkung auszeschléissen, esou d'Police um fréie Méindeg den Owend. Eng Autopsie gouf ugefrot, fir déi genee Doudesursaach ze klären.
Zanter e Méindeg zirkuléieren an de soziale Medie Rumeuren, wou d'Aarbecht vun de Secouriste kritiséiert gëtt. Hei hat et ënnert anerem geheescht, datt d'Rettungsdéngschter onprofessionell gewiescht wieren an datt et ze laang gedauert hätt, bis datt d'Secouristen op der Plaz waren.

Rumeuren, déi de Maacher Buergermeeschter Léon Gloden um RTL-Mikro mat Fakte widderleet. D'Schwammmeeschtere wiere present gewiescht, 3 Leit haten d'Iwwerwaachung. Si hätten direkt intervenéiert, fir beim Kand Éischt Hëllef ze leeschten. Pompjeeën a CGDIS-Membere wieren och direkt op der Plaz gewiescht. Sengen Informatiounen no war op de Rettungshelikopter do.
Op Facebook hat eng Persoun, déi den Dag selwer zu Maacher an der Schwämm war, sech zum Virfall gemellt. Dës hat ënnert anerem kritiséiert, datt d'Visiteuren net aus dem Waasser geruff goufen an datt d'Leit vum CGDIS net gutt bäikomm sinn. Et géif ee sech d'Recht virbehalen, géint dës Persoun eng Plainte ze maachen, sou de Léon Gloden.
Déi Fakten, déi op Facebook zirkuléieren, wiere falsch. An enger Reunioun mat de Schwammmeeschtere gouf festgehalen, dass eng Plainte bei der Police deposéiert gëtt wéinst Diffamatioun. Och de Sous-Chef vun der CGDIS zu Mäertert hat sech gemellt, seng Leit géifen esou Onwourechten net acceptéieren an och si sech d'Recht virbehalen, eng Plainte ze maachen.
D'Schwammmeeschtere sollen der Persoun no, déi sech iwwer Facebook gemellt hat, Musek gelauschtert hunn. Och dat géing net stëmmen. De Léon Gloden hätt der Fra, déi d'Virwërf op Facebook lancéiert huet, och geschriwwen. Mat Kopie un d'Police. An hir Hausverbuet an der Piscine erdeelt.
De Buergermeeschter präziséiert weider, datt 3 Schwammmeeschtere direkt intervenéiert wären, fir dem Kand éischt Hëllef ze leeschten. Dat hätt alles esou funktionéiert, wéi et hätt misse sinn, och d'Aarbecht vum CGDIS.
De Bouf soll en Taucherbrëll ugehat hunn, esou datt d'Visiteuren net direkt reagéiert hunn. Wéi laang d'Affer ënner Waasser louch, konnt de Buergermeeschter net soen, dat misst d'Enquête weisen.

Hei e Screenshot vum Commentaire, wéinst deem eventuell eng Plainte géint d'Fra gemaach gëtt.

Dëse Bréif krut d'Fra, déi Kritik um Facebook un der Aart vun der Aarbecht vun de Schwammmeeschter a Rettungsdéngschter geüübt huet, vum Buergermeeschter vu Gréiwemaacher.