Immigratioun123 Persounen hunn am Oktober eng Asyldemande gemaach, déi meescht aus Syrien

RTL Lëtzebuerg
Am Oktober koumen am Ganze 111 Demandë fir eng Protection internationale eran.
© AFP Archivbild

Bis Enn Oktober hunn am Ganze 909 Mënschen international Protektioun zu Lëtzebuerg ugefrot gehat. Zejoert waren et der bannent där Zäit méi wéi duebel sou vill. D'Asyldemandeure komme virun allem aus Syrien, Eritrea, Afghanistan, Venezuela, Irak, Tierkei an dem Iran.

Fir dëst Joer goufe schonn 1.231 Decisioune geholl. 611 Mënsche kruten de Statut vum Refugié unerkannt, d'Hallschent also.

Dëst Joer goufen et 75 Retoure vu Lëtzebuerg erfort, dovu waren der 54 fräiwëlleg an 21 forcéiert.

PDF: Schreiwes vun der Direction de l'immigration

Back to Top
CIM LOGO