Am Alter vu 36 JoerHollywood-Star Hayden Panettiere dout

Tom Nols
Joel Detaille
Der bekannter Actrice hire Papp huet US-Medie géintiwwer confirméiert, dass seng Duechter gestuerwen ass. D'Ëmstänn si bis ewell onkloer.
D'Actrice Hayden Panettiere ass just 36 Joer al ginn
D'Actrice Hayden Panettiere ass just 36 Joer al ginn
© ANGELA WEISS/AFP

Déi US-amerikanesch Actrice Hayden Panettiere ass am Alter vu just 36 Joer gestuerwen. Dat mellen e Méindeg de Moie méi amerikanesch Medien a beruffe sech op eng Confirmatioun vun hirem Agent. Och hire Papp huet ABC News géintiwwer d'Noriicht confirméiert. Iwwert d’Ëmstänn vum Doud ass nach näischt Offizielles gewosst.

D’Schauspillerin, bekannt aus Serië wéi "Heroes" an "Nashville", war eng Zäit laang mam ukraineschen Ex-Boxweltmeeschter Wladimir Klitschko verloobt an hat mat him eng gemeinsam Duechter. D'US-Amerikanerin hat no der Gebuert vun Depressioune geschwat an zouginn, si wier jorelaang alkohol- an drogenofhängeg gewiescht.

Back to Top
CIM LOGO