Hëllef am Kampf géint BëschbrännLëtzebuerger Trakteren a Camionen hu sech vun Iechternach op de Wee an d'Belsch gemaach

Claudia Kollwelter
Grouss Solidaritéit hunn um fréie Méindegmoien eng ganz Partie Trakteren a Camione gewisen, déi vun Iechternach aus an d'Belsch gefuer sinn, fir do beim Läsche vum Feier ze hëllefen.
Zu Iechternach hu sech Trakteren a Camione gesammelt, fir mat Waasserbehälter erop an d'Belsch ze fueren.
Zu Iechternach hu sech Trakteren a Camione gesammelt, fir mat Waasserbehälter erop an d'Belsch ze fueren.
© Claudia Kollwelter

Grouss Solidaritéit hunn um fréie Méindegmoien eng ganz Partie Trakteren a Camionen gewisen, déi vun Iechternach aus an d'Belsch gefuer sinn

Et ass net déi éischte Kéier, datt de Martin Heynen esou eng Aktioun wéi déi heite start. Scho beim Tornado zu Péiteng an och bei den Iwwerschwemmungen zu Iechternach war hien am Asaz. Et wier einfach mënschlech ze hëllefen, dofir huet hien och e sonndeg en Opruff iwwert déi sozial Medie gemaach. Fënnef Gefierer sinn um 8:15 Auer e Méindeg de Moie vun Iechternach fortgefuer.

Martin Heynen: "Mir hunn elo nach däitsch Kolleegen, déi sech gëschter och op Opruff iwwer Facebook gemellt hunn, déi stoussen zu Prüm bäi, an et sinn och nach Lëtzebuerger, déi vun där anerer Säit vum Land kommen. Et ass jo blöd, wann déi géifen erofkommen, heihinner, déi kommen da vun där anerer Säit. A mir sinn dann iwwer Telefon oder sou verbonnen an da gi mer d'Standpunkten eebe fräi, wou mer gebraucht ginn.

Véier Lëtzebuerger Camione wieren e Sonndeg schonn an d'Belsch gefuer an Hëllef wier definitiv nach ëmmer néideg:

"Also ech hu gëschter Owend nach vun enger belscher Fra, déi do uewe wunnt, déi gesot huet, et wär onwarscheinlech, wat do uewe lass wär. Datt alles gebraucht géif ginn, wat nëmme geet. Also ech denken déi si frou iwwert jiddereen, dee kënnt.

Nieft de Waassertanke waren d'Camionen e Méindeg equipéiert mat allerlee Nëtzlechem:

"Et hu Leit eis scho Gedrénks bruecht, d'Iesse bruecht. Bon, mir hunn eis eege Saachen elo mat, d'Zelter,  Bänk, d'Kaffismaschinn, fir eis e bësse selwer kënnen ze verfleegen. An de Rescht musse mer sur place kucken, gell. Also et wäerte sécher e puer Nuechte ginn, ouni Schlof. An da kucke mer weider.

De Martin Heynen rechent domat, datt se dräi Nuechten an der Belsch wäerte verbréngen, fir hir Hëllef unzebidden.

Zu Iechternach hu sech Trakteren a Camione gesammelt, fir mat Waasserbehälter erop an d'Belsch ze fueren.
Zu Iechternach hu sech Trakteren a Camione gesammelt, fir mat Waasserbehälter erop an d'Belsch ze fueren.
© Claudia Kollwelter

Back to Top
CIM LOGO