Marco Thomé reagéiert op Kritik - Aussoe waren net chauvinistesch gemengt

Beim Syndikat vum Gemengepersonal hat een éischter op deem Poste mam Dan Kersch gerechent.
D'Gewerkschaft FGFC reagéiert schonn op d'Taina Bofferding als méiglech nächst Inneministesch. Beim Syndikat vum Gemengepersonal weist ee sech iwwerrascht, et war een éischter dovunner ausgaangen, datt den Dan Kersch dee Ressort behält. En Dan Kersch, deen am Schreiwes um Internetsite vun der Gewerkschaft zolidd gelueft gëtt.
Elo wier et eng jonk Fra, eng fréier Gewerkschaftskollegin vum OGBL, déi en net einfach Amt géing iwwerhuelen. Et wier ee op hir perséinlech Ausstralung, hir Kompetenz an hire Sachverstand gespaant. Si wier bis ewell op nationalpolitescher Tribün weider net vill opgefall.
Frëscht jonkt Blutt an en overbrauchtent weiblecht Gesiicht géing awer guttdoen, fir verschidde Saachen endlech no vir ze bréngen, heescht et weider.
D'Taina Bofferding kritt jiddefalls Bonne Chance gewënscht a si kéint sech op fairen Ëmgang vu Säite vun der Gewerkschaft verloossen.
D'FGFC ass also gespaant op déi perséinlech Ausstralung vun hirer potentieller neier Ressortministesch. Bei engem Mann hätt een déi Formulatioun méi wéi sécher net gelies, mengt d'Claude Zeimetz an engem Tëscheruff.
Tëscheruff vum Claude Zeimetz: Alldagssexismus anno 2018
Marco Thomé reagéiert
"Wann et e Mann gewiescht wär, hätte mer d'Terminologië vum "onverbrauchte Gesicht" effektiv net geschriwwen, dat muss ech zouginn". Dat sot eis de Freideg de Mëtteg de Marco Thomé, de President vun der FGFC, der Gewerkschaft vum Gemengepersonal, déi jo mat engem sexisteschen Communiqué un hir potentiell nei Ressort-Ministesch, d'Taina Bofferding, fir grouss Reaktiounen an de Medien an op de soziale Reseaue gesuergt haten.
Hien hätt sech näischt Schlechtes dobäi geduecht a seng Aussoe wären net chauvinistesch gemengt, betount de Marco Thomé, deen de Communiqué selwer verfaasst huet.
"Ech muss dat doten op meng perséinlech Kap huelen, wann een dat esou wëll huelen. Ech hunn dat als solches net esou gemengt. Ech hunn et op alle Fall net chauvinistesch gemengt, mee et schéngt awer bei iech jonke Fraen aneschters unzekommen an dann hu mer e Problem. An da sollte mer gesellschaftlech doriwwer diskutéieren, a wéi fern esou Messagë vläicht onbewosst weidergi ginn a wou dir iech als Fraen attackéiert fillt doranner. An och do sinn ech an engem Léier-Prozess an ech bedaueren dat. Ech hoffen, dass et och net meng perséinlech Relatiounen zu der Madame Bofferding wäert perturbéieren, well et war net esou gemengt."
Mam Dan Kersch hätt ee gutt zesummegeschafft, betount de Marco Thomé an dofir war de Communiqué eigentlech geduecht, fir ze profitéieren, der neier Inneministesch eng gutt Zesummenaarbecht ze proposéieren.