An der Affär "Livingroom", wou den Daniel Miltgen vu senger Positioun als President vum Fonds de Logement abuséiert sollt huet, gouf et en Non-lieu.

Den Daniel Miltgen wëllt eegenen Aussoen no géint déi fréier Logementsministere Marc Hansen a Maggy Nagel eng Plainte maache wéinst "Calomnie an Diffamatioun". Dat huet de fréiere Chef vum Fonds du Logement e Mëttwoch an engem Interview um Radio 100,7 annoncéiert.

Et wiere vill Onwourechten iwwert hie gesot ginn - virun allem 2015, wéi d'Justiz eng Enquête géint hien opgemaach huet a wéi hien als Chef vum Fonds du Logement ofgesat gouf. Elo, wou d'Justice d'Enquête ofgeschloss hätt, wéilt hie géint déi Persounen aktiv ginn, déi him dës Affär "agebrockt" haten, sou de fréieren héije Beamten an deem Gespréich.

Den Daniel Miltgen mengt awer och am Interview, datt et net gutt war, datt hien zäitgläich Direkter a President vum Fonds du Logement war.

D'Reprochen, datt den Daniel Miltgen sollt vu senger Positioun als President vum Fonds de Logement abuséiert hunn, goufen um Geriicht net zeréckbehalen.

Et goung an där Saach virun 3 Joer ëm den deemolege President vum Fonds du Logement Daniel Miltgen an d'deemoleg Logementsministesch Maggy Nagel, déi den Här Miltgen ewell 2014 vu senge Funktiounen als 1er Conseiller de Gouvernement am Wunnengsbauministère entbonnen hat.

Ëm wat goung et am Dossier "Livingroom"?

Eng Konventioun aus dem Joer 2011 tëscht dem Fonds du Logement an dem private Promoteur "Livingroom" hat 2015 d'Relatioun tëscht der deemoleger zoustänneger Ministesch Maggy Nagel an dem President vum Fonds de Logement, Daniel Miltgen, op eng zolidd Prouf gestallt.

Et goung an där Konventioun ëm ee grousse Bauprojet um Schléiwenhaff zu Leideleng.

Den Daniel Miltgen soll dem Promoteur gehollef hunn, dass dee betraffenen Terrain an de Bauperimeter kënnt, sou datt de Fong gënschteg konnt u Bauland kommen.

Als Géigeleeschtung hätt de Fonds du Logement 20% vun dem 9 Hektar grousse Site, zu engem avantagéise Präis, en Vue gestallt krut.

Am Raum stoungen d'Reprochë vu méiglechem Interessekonflikt respektiv "trafic d'influence". Wéi gesot, koum d'Chambre du Conseil vum Stater Bezierksgeriicht zu der Konklusioun, datt et net genuch Elementer an deem Dossier géife ginn, datt et soll zu engem Prozess kommen, sou datt e Non-lieu geschwat gouf.

Reprochen, datt den Daniel Miltgen sollt vu senger ëffentlecher Positioun abuséiert hunn, fir engem Privaten e Virdeel ze verschafen, sinn deemno net zeréckbehale ginn.

Am Virfeld vun där Decisioun vun de Riichter war et och zu Perquisitiounen an de Büroe vum Fonds du Logement komm, sou nach am Mäerz 2016, grad wéi an der Privatwunneng vum Daniel Miltgen a bei de Proprietäre vun der "Livingroom SA".