Ëmmer am Asaz, och op Silvester an Neijoerschdag
D'Permanence 2018/2019 am CIS Kielen - "mat eisem LF (6 Mann) a First Responder (2 Mann)".
Et weess ee jo ni - dofir waren och nees Ekippen an den Interventiounszentren iwwert de Joreswiessel prett.
Alle Leit an den Zentren - Merci fir Ären Asaz!
Dobäi wëlle mir natierlech och déi aner Servicer, déi hu mussen "duerchschaffen", wéi zum Beispill d'Police an d'Garden an de Spideeler, net vergiessen!
Iech all a jidderengem dobaussen: All Guddes fir 2019!!!
Dir wëllt eis och nach eng Foto schécken? Da mailt wann ech gelift op foto@rtl.lu. Mir publizéiere si no an no hei op RTL.lu.
D'OP-Team am Hopital Kirchberg op Silvester.
Dës Ekipp schéckt déi bescht Wensch fir 2019 vun Hollerech: Niewent de Chauffere mat Mataarbechter vun CFL, TICE, RGTR, Tram an der Soustraitance ass och an der Stad derfir gesuergt, datt d'Leit gutt op hir Plaze fir ze feiere kommen an och nees gutt heem.
D'Police vu Réimech-Munneref schéckt schéi Gréiss aus dem Dräilännereck zu Schengen a wënscht e gudde Rutsch.
D'Silvesterekipp vum CIS Réimech
D'Ekipp vum CIS SADIFF
D'Déngschtekipp vum CIS Cliärref.
Den CIS Dikrech ass mat zwou Ambulanzen, engem HLF an engem TMF besat.
En Deel vun der Silvester-Permanence vum CIS Veinen.






Hei den Dispositif vum Groupement Musel (CIS Biwer, CIS Gréiwemaacher-Mäertert, CIS Manternach) iwwer Silvester 2018.
D'Ekipp vu Fluessweiler
Hei d'Ekipp, déi an der Nuecht vum 31. Dezember 2018 am Centre d'incendie et de secours Kanech Déngscht huet.
D'Permanence vum CIS Schengen
D'Déngschtekipp vum CIS Rouspert.
D'Déngschtekipp vum Centre d’Incendie et de Secours Réiserbann
D'Garde am Centre d’Incendie et de Secours de Pétange iwwer Silvester.
D'Déngschtekipp vum CIS Käerjeng-Péiteng.
D'Permanence op Silvester am CIS Rëmeleng
D'Permanence-Ekipp vum CIS Hesper.
D'Silvesterpermanence vum CIS Bettenduerf








Och am Asaz: den CIS Biissen