"Planifikatioun u Kalbliddegkeet net ze iwwerbidden"
© Claudia Kollwelter - rtl.lu
Dat sot d'Riichterin, nodeems d'Haaptugekloten am Prozess wéinst engem Mord a Portugal 2021 erzielt huet, wéi si hire Liewenspartner ëmbruecht huet.
D’Haaptugekloten Ana – där hiren Numm geännert ass, wéi all déi aner - huet erzielt, datt si den 1. August 2021 a Portugal ukomm sinn. Owes ass d’Famill bei hir Cousine iesse gaangen. Den aneren Dag hu si moies Kaffi gedronk. Dunn ass si Rategëft kafe gaangen, wat se versicht huet hirem Liewenspartner Pedro deen Dag ze ginn. Ma d’Gëft huet sech net am Gedrénks opgeléist.
Den Dag dono si si op eng Zort Maart gewiescht a Mëttes Likör kafe gaangen, esou d’Ana. Hir Mamm Mariana war do mat der Cousine ënnerwee, déi se ugestallt haten, d’Gëft géint de Kartoffelkäfer kafen ze goen. "Owes", huet d’Ana erzielt, "hu mir giess. Mäi Bouf a mäi Meedche si schlofe gaangen". Den Dësch gouf ofgeraumt. De Pedro ass op der Terrass bliwwen. An der Kichen huet der Mariana hiren offizielle Partner Antonio, gläichzäiteg der Ana hiren Amant, de Likör a Shotglieser gefëllt. An d’Gëft an dem Antonio säi Glas. D’Mariana, esou d’Ana, huet opgepasst, datt de Pedro op der Terrass näischt géing matkréien. Op der Terrass goufen d’Glieser verdeelt. "Ech hu mech nieft hie gesat an hie gefrot, ob hie mech wéilt bestueden", esou d’Haaptugekloten. De Pedro war frou a si hunn op d’Verlobung geprost, de Pedro huet d’Gëft gedronk.
Dono hu si all matenee geschwat, d’Mariana an den Antonio si schlofe gaangen. De Pedro huet nach e Patt Wäi gedronk, huet d’Ana gesot. Ma méi spéit huet hien de Bauch wéi kritt an hien huet d’Ana gefrot, him en Téi ze maachen. "Ech hunn him en Téi gemaach an zwou Schlofpëllen dra gemaach".
An der Nuecht steet de Pedro op, well ëm schlecht ass. D’Ana steet och op, deet sech un a seet him, e soll matkommen. Si gi laanscht d’Kummer vum Antonio an der Mariana. Den Antonio wëll net matkommen, also kënnt d’Mariana. Si setzen de Pedro an den Auto. D’Mariana mécht d'Paart op, a si fuere lass. Bis bei de Floss. Do hëllefe si dem Pedro aus dem Auto. D’Ana hëlt hie mam Aarm, d’Mariana, esou d’Haaptugekloten, geet hannendrun, fir datt en net ëmfält. Si gi bis bei de Bord vum Waasser. D’Ana sot: "Ech hat eng Hand op him, mir hunn e gestouss. Mir hunn eis ëmgedréint a mir si gaangen".
Si sinn heem gefuer. D’Mariana huet d’Paart zougemaach. Si si sech an d’Bett leeë gaangen. "Dat ass d’Wouerecht", sot d’Ana. Ma och d’Mariana huet en Donneschdeg ugefaangen auszesoen. "Meng Duechter litt", war eng vun den éischte Saachen, déi si gesot huet.