Coronavirus zu Lëtzebuerg129 Tester ware positiv

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vu Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, weiderhin onverännert bei 111 bleift.
© RTL

Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen eng Hausse vu 129 positiv geteste Patienten, Residenten a Non-Residenten. Dat sinn der elo am Ganze 5.854.

Vun den Infizéierte sinn der 4.775 Residenten. Den Duerchschnëttsalter vun de Persounen, déi positiv getest goufen, läit bei 43 Joer.

Den Duerchschnëttsalter vun den 111 Doudesaffer läit bei 84 Joer, d'Altersmediane bei 85 Joer. 56 Prozent si Männer, 44 Prozent Fraen. 66 Prozent vun den Doudesaffer sinn an der Klinick gestuerwen.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 370.539 Tester gemaach. Um Dënschdeg loung dee Bilan nach bei 357.637, woumat also 12.902 Tester bannent 24 Stonne gemaach goufen. Um Site vun der Santé steet, dass den 21. Juli 2020 am ganzen 19.079 Tester gemaach goufen.

Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et nach 1.214 aktiv Infektioune ginn a 4.530 Persoune gëllen als geheelt.

Aktuell si 59 Patienten hospitaliséiert (dorënner och Verdachtsfäll, dat heescht Persounen, déi nach op hiert Resultat vum Test waarden), 5 Patiente sinn aktuell op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 1.006 Mënschen d'Spidol nees verloossen.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,11. Wann den Taux ënnert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus kritt, am Duerchschnëtt manner wéi eng aner Persoun infizéiert.

Back to Top
CIM LOGO