Zu Lëtzebuerg gëtt et méi Männer wéi Fraen

Mir sinn net wäit ewech vun der Paritéit. D'Frae maache 49,7 % vun der Bevëlkerung aus. D'Männer 50,3%. Fréier war dat ëmgedréit.
Ënner anerem dat seet den neien demografeschen Atlas vum Statec. Et ass e ganz décken Dossier, mat 73 Säiten a mat 27 Kapitelen. De Pit Everling huet sech mam Kapitel vun de Geschlechter befaasst.
Bësse méi ewéi 600'000 Fraen a Männer hunn op den 1. Januar 2018 zu Lëtzebuerg gelieft.
Mir sinn zwar net wäit ewech vun der Paritéit. D'Frae maache 49,7 % vun der Bevëlkerung aus. D'Männer 50,3%.
Fréier war dat ëmgedréit. Beim Recensement vun 1981 waren d'Frae mat 51,2 % nach an der Majoritéit, mä entretemps weist d'Evolutioun an eng aner Richtung.
2014 hunn d'Männer d'Fraen iwwerholl. D'Erklärung ass déi, datt méi Männer immigréieren ewéi Fraen. Am Joer 2017 zum Beispill ware bal 54% vun de Leit déi nei op Lëtzebuerg komm si Männer.
D'Fraen hu just a 36 vun den 102 Gemengen d'Majoritéit.
Virun allem am Norden sinn d'Frae manner gutt vertrueden ewéi d'Männer.
Zu Wäisswampech si se mat 46,8 % am däitlechsten an der Minoritéit. Genee de Contraire ass zu Walfer de Fall, do sinn 52,3% vun de gemellten Awunner weiblech.
Allgemeng kann ee soen, datt d'Fraen an de Gemenge ronderëm d'Stad am beschte vertruede sinn.
An der Stad selwer ass dat awer net de Fall, hei maachen si just 48,8% vun der Populatioun aus.
Statec: Lëtzebuerg ass dat Land an Europa, dat am meeschte wiisst