
"Dat si ganz haart Mesuren. Mir verstinn natierlech och, dass de Staat muss seng Responsabilitéiten huelen. Mä dat huet een immensen Impakt op d'Salairen an op eis Revenuen. 14.000 Salariéë sinn direkt betraff. Dat wäert de Secteur tëscht 8 an 12 Milliounen Euro de Mount kaschten." Dat sot um Méindeg de Moien de François Koepp, Generalsekretär vun der Horesca zu den neie Mesuren, déi d'Regierung e Sonndeg den Owend geholl huet. D'Federatioun vun de Hotelieren, Restaurateuren a Cafetieren ass awer der Meenung, dass de Secteur nach méi misst gehollef kréien. Et misst een vläicht driwwer nodenken de Chômage partiell vun 80 op 100 Prozent eropzesetzen.
Wat d'Stocken ugeet, do kéinten déi eng Restaurante vläicht op Ausliwweren ëm switchen, déi aner eventuell eng „vente à emporter“ maachen oder si musse kucken an den nächsten Deeg d'Stocken esou ze verschaffen, dass se net verluer ginn, sou nach den François Koepp.
An dësem Stater Restaurant war et e Samschdeg den Owend méi roueg ewéi soss. Manner Clienten an eng Hellewull Reservatiounen, déi ofgesot goufen. An de leschten Deeg huet dëse Restaurant grouss Defiziter gemaach an an Zukunft gi Licenciementer net ausgeschloss. Well ebe wéineg Recetten erakomm sinn, fäert de Gerant ëm d’Existenz vum Betrib.Och an dësem Café waren d’Konsequenze vun der Corona-Kris ze spieren. D’Clientë bleiwen aus. De Gerant hat wësse gedoen, datt hien 80 Prozent vu sengem Chiffre d’Affaire an de leschten Deeg verluer huet. An Zukunft erhofft sech de Gerant méi finanziell Ënnerstëtzung vun der Chambre de Commerce.
An dësem Restaurant hat een sech déi lescht Deeg schonn un d’Corona-Kris ugepasst. Et ware wéineg Clienten komm. Dowéinst huet ee Léisungen ausgeschafft a verstäerkt op Liwwerunge gesat.
D’Horesca hat de Rappell gemaach, datt et eng Rëtsch Mesurë ginn, fir den Entreprisen ze hëllefen, déi finanziell Schwieregkeeten hunn. Ënnert anerem kenne se Kuerzaarbecht ufroen a vun direkte staatlech Bäihëllefe profitéieren. Donieft, kënnen d’Betriber op de Prinzip vun enger staatlecher Bankgarantie zeréckgräifen. Mat där finanzieller Hëllef geet et ënnert anerem drëms, de Betriber aus dem Horesca-Secteur ënnert d'Äerm ze gräifen. Hei am Land ginn et 30.000 Kleng-a Mëttelbetriber.
E Sonndeg den Owend goufen zu Lëtzebuerg nach eng Kéier d'Mesurë géint d'Corona-Kris verschäerft. An d'Betriber aus dem Horesca-Secteur musse vun e Méindeg un hir Dieren zouloossen.
