Ordonéiert Alkoholkontrollen143 Automobiliste gestoppt: 11 hate gedronk a 5 waren hire Permis lass

RTL Lëtzebuerg
D'Police hat jo annoncéiert, wärend der méi geckeger Fueszäit, wou gär och emol méi déif an d'Glas gekuckt gëtt, verstäerkt ze kontrolléieren.
© RTL Archivbild

Zwou Alkoholkontrolle goufen an der Nuecht op e Sonndeg zu Esch gemaach, dat tëscht 00.30 Auer um Boulevard de Gaulle. Do goufen 73 Automobilisten ugehalen, wouvu siwen Tester positiv waren. Sechs Chauffere musse mat juristesche Suitte rechnen, ee krut e Protokoll. Dräi Führerschäiner goufen nach op der Plaz agezunn.

Um Boulevard Aloyse Meyer waren et tëscht 02.30 a 04.00 Auer 70 Chauffeuren, déi hu misse blosen. Dovun haten der véier ze vill gedronk a kréie Post vun der Justiz. Zwee Automobilisten hunn hire Permis missen ofginn.

Abréch an een Accident

Da mellt d’Police nach eng Partie Abréch, dat ënner anerem zu Hollerech, um Lampertsbierg, Ettelbréck an zu Ollem.

Den 112 iwwerdeems huet nach en Accident e Sonndeg de Moien zu Péiteng gemellt. Do ass en Auto op d’Kopp gaangen an zwou Persoune goufe blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO