
Nom schroen Héichwaasser vu Mëtt Juli krut den Inneministère bis elo eréischt 15 Demandë fir Entschiedegunge vu Gemengen, respektiv Gemengesyndikater. Aktuell wier et awer nach net méiglech, fir dës Schied ze chiffréieren, sou d’Inneministesch Taina Bofferding, déi drop verweist, datt fir d’nächst Joer eng Enveloppe vun 5 Millioune virgesinn ass, fir d’Gemengen z’entschiedegen, déi un hiren Infrastrukture Schied duerch d’Héichwaasser haten.
Den Inneministère rembourséiert dann och just Schied, déi net via eng Assurance oder aner staatlech Instanze gedeckt sinn. Et kéint awer nach keng Zomm genannt ginn. Déi éischt Remboursementer ginn ugangs d’nächst Joer gemaach, wann déi éischt Dossiere komplett sinn.
Dës Informatiounen hat d’liberal Deputéiert Carole Hartmann bei der Inneministesch nogefrot.