Etüd vun der ËmweltverwaltungGeféierlech Chemikalie solle beim Centre antipoisons gemellt ginn

RTL Lëtzebuerg
Bei enger Kontroll zu Produiten, déi potentiell cheemesch geféierlech kënne sinn, waren e puer Produzenten net ganz en règle.
Botzsaache kënne Chemikalien enthalen
Botzsaache kënne Chemikalien enthalen
© Congerdesign

D'Unitéit fir cheemesch Produite vun der Ëmweltverwaltung huet eng Etüd gemaach, fir ze kontrolléieren, ob kommerzialiséiert Produkter, déi potentiell cheemesch geféierlech kënne sinn, korrekt gemellt goufen.

Am Ganze goufen 38 Produiten iwwerpréift. An 13 Fäll gouf et guer keng Notifikatioun a 8 mol war dës net korrekt oder net komplett.

D'Ëmweltverwaltung huet Moossname verlaangt an déi allermeescht Produzente wieren entretemps en règle.

Bei Verdacht op eng Vergëftung mat potentielle geféierleche Konsequenze fir d'Gesondheet soll den 112 kontaktéiert ginn.

Dat ganzt Schreiwes vun der Ëmweltverwaltung fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO