CGDISAir Rescue am Asaz no Motorradsaccident, dräi Blesséierter bei Kollisioun op A3

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS huet e Freideg op zwee Vegetatiounsbränn, e Motorradsaccident an e weidere Verkéiersaccident mat dräi Blesséierte reagéiert.
© Luxembourg Air Rescue

Géint 14:31 Auer e Freideg koum et op der A3 a Richtung Metz tëscht dem Gaasperecher Kräiz an der Aire de Berchem zu enger Kollisioun tëscht dräi Autoen. Dräi Persoune goufe blesséiert, d'Secouristen aus der Stad hu sech gekëmmert.

Kuerz drop, géint 14:38 Auer, ass op der N27 tëscht der Giewelsmillen a Lëpschent e Motocyclist gefall. D'Ekippe vu Buerschent an der Nordstad, souwéi och d'Air Rescue an de SAMU goufe mobiliséiert, fir no engem Blesséierten ze kucken.

Schonn am fréien Nomëtteg hat de CGDIS missen no enger Kollisioun tëscht zwee Gefierer an der Rue de l'Innovation op der Kockelscheier intervenéieren, allerdéngs war hei keen zu Schued komm.

Zousätzlech koum et zu zwee Vegetatiounsbränn, engem um Boulevard Charles de Gaulle zu Esch-Uelzecht an engem zweeten am Aale Wee zu Harel. Bei béiden Asätz gouf kee Blesséierte gemellt.

Back to Top
CIM LOGO