
Wéi d’Police matdeelt, sollt hei eng Fënster vu 5 Meter op 3 Meter an der ieweschter Etage vun engem Gebai gewiesselt ginn. Déi nei Fënster sollt dowéinst u Ventousë fixéiert a mat engem Kran an d’Luucht gehuewe ginn. Ma kuerz nodeems d’Fënster ugehuewe gouf, ass ee vun de Saugnäpf lassgaangen an d’Fënster ass no vir op en Aarbechter gekippt. Dëse gouf mat de Been ënnert der schwéierer Fënster ageklemmt.
Hie konnt vu sengen Aarbechtskolleege befreit ginn. Am Spidol hat sech erausgestallt, dass hie verhältnisméisseg liicht blesséiert gouf. Hie muss awer bis op Weideres am Spidol bleiwen.
E weideren Aarbechter hat sech bei der Rettungsaktioun un der Hand geschnidden an en Anere war vun der Fënster erfaasst an op de Buedem geschleidert ginn. Hie gouf allerdéngs wuel nëmme liicht blesséiert. Béid Persoune koume fir eng Kontroll an d’Spidol.
De Parquet gouf iwwert den Tëschefall informéiert an d’ITM war op der Plaz, fir den Accident ze ënnersichen.