Um Chambersite15 nei Petitiounen kënnen ënnerschriwwe ginn

Roy Grotz
Vun e Freideg u si 15 nei Petitiounen um Site vun der Chamber online, déi bis de 6. August consultéiert an ënnerschriwwe kënne ginn.

Net manner wéi 15 ëffentlech Petitiounen si vun e Freideg un nei um Chambersite, fir kënnen ënnerschriwwen ze ginn: Vill vun de Petitiounen dréine sech ëm Sujeten, déi am Etat de Crise aktuell waren. Sou gëtt zum Beispill gefuerdert, d'Schoulgruppen A a B bäizebehalen oder d'Beruffshëllefen, déi am Kader vun der Kris geschaf goufen, ze stäerken.

Aner Sujeten sinn ënner anerem d'Ofschafe vum obligatoresche Kollektivcongé am Bausecteur, d'Lutte géint ewechgehäiten Zigarettestëmp oder och d'Aféiere vu Schouluniformen.

D'Petitioune kënne bis de 6. August consultéiert an ënnerschriwwe ginn.

D'Lëscht vun alle Petitiounen fannt Dir op chd.lu.

4 ëffentlech Debatten iwwer Petitiounen, déi de Seuil vun de 4.500 Ënnerschrëften depasséiert hunn, stinn iwwerdeems an der Chamber un: Den nächste Méindeg ass et d'Debatt am Plenum iwwert d'Aféiere vun enger Primm fir Santé- a Fleegepersonal, déi de Petitionär José Castro gefrot hat. Iwwernächst Woch gëtt d'Petitioun debattéiert, déi u sech d'Opmaachen eréischt am September vun allen Schoulen a Crèchen gefrot hat an déi bal 6.500 Ënnerschrëfte krut.

Wuel eréischt no der Summervakanz geet iwwer 2 aner Petitiounen am Chamberplenum Rieds: Et geet ëm de Verbuet vum 5G-Reseau an d'Aféieren vun engem Recht op Teletravail.

Nom Oflafe vum Etat de Crise kommen d'Deputéiert d'nächst Woch 3 Mol am Cercle fir eng ëffentlech Sëtzung beieneen: Ënner anerem geet et an Aktualitéitsstonnen iwwert de Probleem vum Rassismus am Land, grad wéi d'Preparativen op eng eventuell zweet Covid-19-Well.

Och d'Chamberkommissioune presentéiere sech interessant: sou gëtt e Méindeg den Ex-Wirtschaftsminister Etienne Schneider an der Budgetskontrollkommissioun virstelleg, fir sech am Dossier Militärsatellit z'erklären

Back to Top
CIM LOGO