
Wéi den Ausseministère an engem Schreiwes matdeelt, gouf de Fluch zesumme mat der Assistance consulaire, der Direction de la défense an der Arméi, a Kooperatioun mat der hollännescher Arméi, grad ewéi dem hollännesche Verdeedegungsministère an dem hollänneschen Ausseministère organiséiert.
De Fliger war en Donneschdeg den Owend vun Tel-Aviv aus an Direktioun Eindhoven gestart. Hei goufen d’Lëtzebuerger Residenten a Ressortissante géint 2 Auer e Freideg de Moie vum Staff vun der Lëtzebuerger Ambassade empfaangen. Duerno goufe si mat engem Bus op Lëtzebuerg transportéiert.
Dem Ausseministère no konnten zanter dem Ufank vum Konflikt mat der Hamas 52 Persoune mat engem Lien zu Lëtzebuerg Israel verloossen.
