Fléissband zu Suessem a FlamenCGDIS vu Samschdegowend bis Sonndegmoie wéinst Brand an der Industriezon Gadderscheier am Asaz

Bakir Demic
Claudia Kollwelter
Zanter 23:12 Auer waren zu Suessem an der Industriezon op der Gadderscheier sëllege CGDIS-Ekippen am Asaz. Dat well um Site vu Kronospan e Fléissband gebrannt huet.

Datt sech den Asaz esou gezunn hätt, léich dorunner, datt d'Feier "komplizéiert" ze läsche wier, huet d'Police eis op Nofro erkläert. Och ware Rettungsdéngschter aus Frankräich als Support am Asaz.

D'Feier wier um 23:12 ausgebrach
(c) RTL Mobile Reporter

Dem CGDIS-Bulletin no hat e Fléissband gebrannt. D'Rettungsekippe ware mat engem groussen Dispositif op der Plaz, nämlech mat Secouristen aus den Asazzentere vu Suessem-Déifferdeng, Esch, Käerjeng, Péiteng, Diddeleng, Schëffleng, Koler, Tënten an aus der Stad. Donieft waren awer och méi speziell Asazgruppe sur place, esou zum Beispill de Groupe d’intervention spécialisé contre les risques nucléaires, radiologiques, biologiques et chimiques (GCBRN), de Groupe d'appui technologique opérationnel (GATO) an de Centre de soutien logistique (CSL).

Asazgefierer vum CGDIS um Wee bei de Site vu Kronospan
(c) Luca Ciancanelli

Persoune sinn dem Bulletin no keng zu Schued komm, dat krute mir och op Nofro nach emol confirméiert. Eng eescht Gefor géing och keng bestoen.

D'Feier war e Samschdegowend bei Kronospan ausgebrach an um Sonndegmoien nach net ganz geläscht
D'Feier war e Samschdegowend bei Kronospan ausgebrach an um Sonndegmoien nach net ganz geläscht
© DOMINGOS OLIVEIRA

Liest och hei:

Back to Top
CIM LOGO