Een Auto beschlagnaamtPresuméiert Tuning-Treffe mat iwwer 100 Gefierer hat op der A6 fir Stau gesuergt

Bakir Demic
Op der Areler Autobunn an am Grenzgebitt bei Sterpenech koum et der Police no e Samschdegowend zu engem presuméierten Tuning-Treffe mat iwwer 100 bedeelegten Autoen.
Iwwer 100 getuned Gefierer haten e Samschdeg den Owend op der A6 fir gréisser Behënnerungen am Stau gesuergt.
© Silas Stein / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP (Archiv)

Et hätte sech deelweis Kolonne vun honnerte Meter gebilt, wat op der A6 fir Behënnerungen am Verkéier, respektiv Stau gesuergt hat. Op der Plaz wier der Police iwwerdeems en Auto wéinst senger geféierlecher Fuerweis opgefall a well en eng blo Luucht installéiert hat. Bei enger Kontroll si weider sëllegen illegal Modifikatiounen um Gefier opgefall, wouropshin dëst op Uerder vum Parquet beschlagnaamt gouf.

D'Lëtzebuerger Police war hei zesumme mat hire Kolleegen aus der Belsch am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO