
Tëscht 11.15 an 13.30 Auer goufe 36 Verstéiss wéinst ze héijer Vitess notéiert.
Um Contournement Jonglënster (N11) an op der N14 "op der Strooss" zu Hiefenech war e mobille Radar agesat ginn, deen 128 Mol ausgeléist huet.
Nieft dëse Verstéiss, goufen awer och och nach e puer Automobiliste protokolléiert, well hir Pabeieren net an der Rei waren, well se geféierlech gefuer sinn, oder well d'Beliichtung vun hiren Autoen net richteg funktionéiert huet.