Deelweis ausgelaf18.000 Liter Ueleg illegal am Industriegebitt "In den Allern" deposéiert

RTL Lëtzebuerg
Geschitt ass dat Ganzt an der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg, 18 IBC-Containere mat all Kéiers 1.000 Liter Ueleg goufen zu Ëlwen ofgestallt.
18.000 Liter Ueleg illegal entsuergt
Well d'Containeren net richteg zou waren, ass eng grouss Quantitéit u Mineral-Ueleg iwwert d'Strooss a Wise gelaf. D'Police freet no Zeien.

Well d'Containeren net richteg zou waren, ass eng grouss Quantitéit u Mineral-Ueleg iwwert d'Strooss a Wise gelaf. Glécklecherweis ass den Ueleg net an d'Ofwaasser geroden. Wéi et säitens der Police heescht, gouf bei dëser illegaler Aktioun vun den Täter warscheinlech en Unhänger benotzt, als Gefier hëlt een un, dass en Trakter oder e Camion benotzt goufen.

D'Entsuerge vum Ueleg huet misste vu Spezialisten duerchgefouert ginn, op der Plaz waren de Parquet, d'Waasserwirtschaftsamt an d'Ëmweltverwaltung. D'Police war och fir d'Spueresécherung op der Plaz.

Persounen, déi Informatiounen iwwert dës uerg Ëmweltverschmotzung hunn, solle sech bei der Police vun Ëlwen um 24487 1000 oder um 113 mellen.

Back to Top
CIM LOGO